Radioen

On air

Al Schanken  |  Willie Nelson - Gotta Serve Somebody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Hannergrënn vum "M5S" gi leider net beliicht

LuxFilmFest

D'Hannergrënn vum "M5S" gi leider net beliicht

Den dänesche Film “Tutti a casa – Power to the People” iwwert den italienesche "Movimento Cinque Stelle" vum Komiker Beppe Grillo leeft an der Kompetitioun vun den Documentairen. De Michel Delage huet e gesinn... an ass net ganz iwwerzeegt.

auto_stories

3 min

Wahl-Meeting vum Beppe Grillo (Foto: Magic Hour Films)

De Movimento Cinque Stelle, eng italienesch Protestbeweegung, déi de Komiker Beppe Grillo virun enger Rei Joren an d’Liewe geruff huet, ass an Tëschenzäit eng fest Gréisst an der italienescher Politik. D'“Grillini”, déi vun den dominante Parteien a Medien als “Populiste” bezeechent ginn, sti fir de Ras-le-bol vun all deene Bierger, déi es sat hu mat der Korruptioun vun den traditionelle Parteien, de Liene vu verschiddene Politiker mat der Mafia, den eidele Versprieche vun enger politescher Klass, déi sech Wahl fir Wahl reproduzéiert.

Den "M5S", datt ass ee Véierel vum Elektorat, a Groussstied wéi Roum oder Turin stellen se de Buergermeeschter, am Parlament an am Senat kënnt ee schwéier laanscht se.

Enthusiasmus an Enttäuschung

De Film “Tutti a Casa – Power to the people” vun der dänescher Dokumentaristin Lise Birk Pederson, ass eng Chronik vum erfollegräiche Wahlkampf 2013 an den éischte Méint vun der neier Legislatur, erzielt – mat Sympathie - aus der Perspektiv vun enger Rei Militanten, déi gewielt goufen, a vun deene bis dohi nach kee Politik gemaach hat: eng eleng-erzéiend Mamm, een anti-Mafia Affekot, oder nach ee Mann, dee vum desolaten Zoustand vu sengem Turiner Quartier revoltéiert ass.

All schwätzen se iwwert hir Motivatiounen, Andréck, Hoffnungen, Enttäuschungen. D’Frustratioun kënnt nämlech bei verschiddene vun dëse Neo-Politiker séier op, virun allem och wéinst der Haltung vum Chef vun der Bewegung, deen op Blockage setzt a refuséiert, konstruktiv mat anere Parteien zesummen ze schaffen. Datt Kritik um Chef mam Partei-Ausschloss bestrooft gëtt zerstéiert bei fréieren Enthusiasten déi lescht Illusiounen.

Vum Beppe Grillo selwer weist de Film just Extraite vu sengen ëffentlechen Optrëtter, bei deenen hien d’Leit galvaniséiert, oder seng vehement Äusserungen um extrem populären Internet-Blog vun der Bewegung, iwwert deen ageschriwwe Bierger sech kënnen un Decisioune bedeelegen.

“Tutti a casa” geet allerdéngs net op d’Motivatioune vum Grillo an. Wien d’Fiedem vum Movimento Cinque Stelle wierklech zitt gëtt een och net gewuer. Deen d’lescht Joer verstuerwene Matbegrënner Gianroberto Casaleggio, een aflossräiche Geschäftsmann a Web-Strateg, deen als Guru vun der Bewegung bekannt war, gëtt net emol ernimmt. Datt all dës Hannergrënn net beliicht ginn ass déi grouss Schwächt vun dësem Documentaire, deem säi kriteschen Usaz éischter iwwerflächlech bleift.

Fir Net-Spezialiste vun der italienescher Politik bleift dësen Abléck an eng am Ausland éischter manner bekannt Bewegung duerchaus interessant. E stellt wiesentlech a schwiereg Froen iwwer d’Méiglechkeete vun enger wierklech demokratescher Politik. Äntwerte kann “Tutti a casa” – natierlech - net liwweren.