Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kontraster vun der iranescher Gesellschaft

Film

Kontraster vun der iranescher Gesellschaft

Dem iranesche Realisateur Panah Panahi säin éischte Film "Hit the Road" war international en zimmleche Succès, ë.a. um leschte Luxfilmfest. Elo ass de Film am normale Kinosprogramm ze gesinn. E Gespréich.

auto_stories

1 min

Hien ass de Fils vum renomméierten iranesche Realisateur Jafar Panahi ("Le Miroir, "Le Cercle", "Taxi Téhéran"). Scho mat sengem éischte Long-métrage "Hit the road" ass de Panah Panahi, Joergang 1984, elo defintiv aus dem Schiet vu sengem Papp getrueden.

A senger dramatescher Komedie "Hit the road" ass eng Famill mam Auto ënnerwee, den eelste Bouf fiert, d'Mamm sëtzt donieft, de Papp - e Been am Gips - sëtzt hannen a muss sech mam jéngste Bouf, e richtege klengen Däiwel, erëm klappen.

Am Gespréich verréit de Panah Panahi, wéi hie mam erstaunleche jonken Acteur Rayan Sarlak geschafft huet, a wéi engem Mooss säi Film déi kontrastéiert iranesch Gesellschaft erëm spigelt a wat hie vun de Lektioune vu sengem berüümte Papp zréck behalen huet.