Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kommt nëmmen net méi zeréck op d'Äerd!

Netflix

Kommt nëmmen net méi zeréck op d'Äerd!

De Science Fiction-Film "The Midnight Sky" vum a mam George Clooney setzt méi op dat Nodenklecht-Emotionaalt ewéi op eng realistesch Extrapolatioun. Kee Meilesteen vum Genre mee ze kucken.

auto_stories

3 min

No enger weltwäiter Katastroph am Joer 2049 sëtzen de Fuerscher Augustine Lofthouse (George Clooney) an e klengt Meedche eleng an enger Observatiounsstatioun um Nordpol fest. Soss Iwwerliewender schéngt et keng méi ze ginn - ausser am Weltall.

De Lofthouse versicht verzweiwelt un d'Membere vun engem Raumschëff ze kommen, zwou Fraen an dräi Männer, déi no enger Jupiter-Missioun um Heemwee sinn : Si sollen nëmmen net méi zeréck op d'Äerd kommen.

SF-Thematiken net an der Déift behandelt

''The Midnight Sky'' ass déi siwent Film-Realisatioun vum George Clooney, den amerikaneschen Acteur spillt och d'Haaptroll. Dëse Science-Fiction-Film ass d'Adaptatioun vu ''Good morning, midnight'', dem zweete Roman vun der jonker Schrëftstellerin Lily Brooks-Dalton, déi net onbedéngt als Spezialistin vum Science-Fiction-Genre gëlt. An de Film leet och méi Wäert op dee mënschlech-philosophesche Volet wéi op déi realistesch Extrapolatioun vu Liewen an Technik an 30 Joer.

Genre-spezifesch Thematike wéi d'Sich no fir Mënsche bewunnbare Plazen am Weltall - hei e Mound vum Planéit Jupiter - ginn hei net weider verdéift an déngen haaptsächlech als Hannergrond. Dat gëllt och fir déi post-apokalyptesch Thematik, déi de Moment zimmlech am Trend läit : duerch wéi e Phänomen genee dat mënschlecht Liewen op der Äerd praktesch ausradéiert gouf gëtt emol net ernimmt. D'Fro vun der Plausibilitéit stellt sech also net.

Clooney erënnert sech u fréier Kollaboratiounen

Den George Clooney huet an der Vergaangenheet selwer schonn a Science-Fiction-Filmer vun anere matgespillt : 2003 am Steven Soderbergh sengem Remake vum Tarkovski-Klassiker ''Solaris'' an 2013 am Alfonso Cuarón sengem Weltall-Thriller ''Gravity'' - och wann et sech beim zweeten diskutéiere léisst, ob et iwwerhaapt Science-Fiction ass.

Jiddefalls fënnt een Aflëss vu béiden an ''The Midnight Sky'' erëm. Aus ''Gravity'' sinn et d'Elementer vum Thriller : hei geet et ëm d'Fro, ob et dem Fuerscher geléngt, d'Kommunikatioun mam Raumschëff hirzestellen an den Equipage mat Zäiten ze warnen oder net - Obstakele gëtt et op béide Säite vun der Leitung.

''Solaris'' da kann een als dem Clooney seng Inspiratiounsquell fir dat Nodenklecht gesinn. Wéi och schonn an engem Film ewéi beispillsweis ''Ad Astra'' vum James Gray stinn d'Distanzen tëschent Äerd a Weltall metaphoresch fir déi tëschemënschlech Distanzen, respektiv fir d'Distanz mat enger Vergaangenheet, an där esou mueneches falsch gelaf an nëmme méi schwéier gutt ze maachen ass.

''The Midnight Sky'' ass doudsécher kee Meilesteen vum Science-Fiction-Genre, en ass wäit manner faszinant wéi zum Beispill de rezenten ''Ad Astra''. Allerdéngs huet de Film och guer net deen Usproch. Virun allem setzt en op eng zolitt Geschicht, bei där een ouni Problem den Duerchbléck behält. Déi Sich no Effikassitéit beim Dréibuch geet awer dann op d'Käschte vun der Duerstellung vun de Bezéiungen. Besonnesch de Personnagen am Raumschëff feelt et e bëssen u Komplexitéit. Trotz allem léisst sech de Film kucken.