Radioen

On air

Notturno  |  Birdbones - Every Single One Of Us

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klassekämpf a Frankräich

Buchkritik

Klassekämpf a Frankräich

D'Traditioun vun der sozialer Revolt gëtt a Frankräich weiderhi gefleegt, wéi d'Beispill vun de Gilets jaunes androcksvoll bewisen huet, konstatéiert de franséische Sozialwëssenschaftler Emmanuel Todd - mat Satisfaktioun. A sengem neien Essai "Les Luttes de classes en France au XXIe siècle" (Seuil) weist hie sech awer erstaunt doriwwer, datt kaum nach een den Euro als eng vun den, senger Meenung no, Haaptursaache vum sozio-ekonomesche Malaise a sengem Land a Fro stellt.

auto_stories

5 min

Den Demograph an Historiker Emmanuel Todd gëllt zanter 25 Joer a Frankräich als ee vun de vehementste Kritiker vun der europäescher Eenheetswärung. Och a sengem leschten Essai, "Les Luttes de classes en France au XXIe siècle" (Seuil), mécht hien den Euro verantwortlech fir d'Zerstéierung vun der franséischer Industrie an de massive Kafkraaftverloscht, net nëmme vun den Aarbechter, mee vu bal all de soziale Klassen.

Am Géigesaz zu aneren europäesche Länner hätte sech déi sozial Ongläichheeten a Frankräich an deene leschte Joerzéngten net signifikativ zougespëtzt. Dofir hätt praktesch jiddwereen un de Konsequenze vum Niddergang vun der franséischer Wirtschaft ze leiden - bis op den ieweschten ee Prozent vun der Gesellschaft: déi grouss Fortunen engersäits, an anerersäits déi héich Beamten aus dem Finanzministère, déi permanent tëschent dem Staatsdéngscht an de private Banken hin an hier pendelen.

Jidderee verléiert, ausser eng Zort kolonial Bourgeoisie

Mee och dës vun Däitschland faszinéiert "staatlech-finanziell Aristokratie", wéi den Todd se nennt, hätt u Prestige verluer. Entgéint all Vernonft stéing si blann zum Euro an der domat verbonnener Austeritéitspolitik, si hätt sech domat zu enger Zort kolonialer Bourgeoisie am Déngscht vu Berlin degradéiere gelooss. Vum Euro géif nämlech haaptsächlech Däitschland profitéieren, op Käschte vun deene meeschten aneren Eurozon-Staaten.

Den Titel vum Emmanuel Todd sengem Essai ass eng direkt Uspillung un dem Karl Marx säi Wierk "Die Klassenkämpfe in Frankreich 1848 bis 1850", dat hautdesdaags als Klassiker vun der sozio-politescher Analys gëllt. Den Emmanuel Todd ass kee Marxist an och keen Antikapitalist. Mee um Beispill vum Marx sengem "Klassenkämpfe"-Buch ënnersicht och hien d'Géigesätz tëschent deene vun him nei definéierte soziale Klassen, hiert richtegt oder falscht Selbstverständnis, an d'Interessien, déi de Staat vertrëtt.

D'Referenzperiod leeft vun 1992 bis haut, dat heescht vun deem Moment un, wou d'Fransouse mat hirem Jo beim Referendum iwwer den Traité vu Maastricht d'Aféierung vum Euro, siwe Joer drop, guttgeheescht hunn, bis zur Presidence vum Emmanuel Macron an dem Ausbroch vun der Gilets jaunes-Revolt.

Eng depressiv Gesellschaft

Vill vun den Interpretatiounen am Buch sinn Denkustéiss, Pisten, déi ee misst verdéiwe respektiv iwwerhaapt emol validéieren, gëtt den Todd selwer zou. Am grousse Ganze liwwert hien eng breetgefächert Analys vun der sozio-ekonomescher Entwécklung a Frankräich iwwer déi lescht dräi Joerzéngten.

Vill verschidde Facteure ginn ënnersicht, an enger Mëschung aus soziologescher Analys vu Walresultater, anthropologeschen Interpretatiounen opgrond vu Familljestrukturen, handfesten demographeschen Donnéeën, déi op den depressive psycheschen Zoustand vun de Fransouse géife schléisse loossen. Fir den Todd ass des "fatigue d'être soi", fir mam Soziolog Alain Ehrenberg ze schwätzen, eng vun den Ursaache fir déi passiv Akzeptanz vum Euro.

Mécht sech d'Dommheet un der Spëtzt breet?

Ee vun de villen interessante Voleten am Essai ass d'Bestandsopnam vum franséische Bildungssystem, déi een duerchaus op aner Länner kann iwwerdroen. Ënner anerem wéinst der massiver Notzung vun Handyen an anere Bildschiermer wier den Niveau vun de Schüler bedeitend erofgaangen, an zwar klasseniwwergräifend.

An och d'Unien an d'Héichschoule wieren net verschount bliwwen: en Héichschouldiplom géif a ville Fäll kee Wësse méi attestéieren. Et wier nëmmen nach e Mëttel fir u Posten ze kommen. Dem Todd säi Fazit: un der Spëtzt vum franséische Staat mécht sech d'Dommheet breet, eng Erklärung dofir, firwat déi franséisch Elitten um Euro hänke bleiwen.

Antidemokratesch Astellung vun der Bildungselitt

Méi geféierlech, sou den Emmanuel Todd, wier d'Tendenz vum diploméierten Drëttel vun der Gesellschaft sech vum Rescht wëllen ofzesplécken. Fundamental anti-demokratesch Astellungen hätten hire Pendant am autoritäre Stil an der Veruechtung fir déi kleng Leit, déi den Emmanuel Macron un den Dag leet.

Déi kleng Bourgeoisie geséich de Macron, Vertrieder vun engem dynameschen, oppene Frankräich, als hiren Held un, obwuel déi selwecht kleng Bourgeoisie grad wéi all déi aner sozial Klassen u Kafkraaft géif verléieren. Fir den Emmanuel Todd hätt d'Identifikatioun mam Macron, engem fir hien absolut eidele Politiker, eng eenzeg Funktioun: sech duerch hire Vott vun de proletaresche Wieler vun der Marine Le Pen kënnen ofzegrenzen.

Wéi eng politesch Konsequenzen?

"Les Luttes de classes en France au XXIe siècle" ass ee wäertvolle Bäitrag fir den Zoustand vu Frankräich ze verstoen. Den Emmanuel Todd ass bekannt fir seng provokativ Theesen, déi hien och provokativ, dacks iwwerspëtzt a mat vill Humor virdréit.

Nieft dem Ënnerhalungswäert ass et och eng effikass Aart a Weis fir sech Gehéier an der ëffentlecher Debatt ze verschafen - an dat ass net vu Muttwëll, zemools wann et sollt stëmmen, wéi hie sech beschwéiert, datt d'Medien ëmmer méi op Linn mat der franséischer Regierung sinn.

Déi politesch Konsequenzen, déi de lénke Souveränist Emmanuel Todd aus senger Analys zitt, hunn et a sech: fir aus enger Situatioun erauszeklammen, an där ee just nach ka spueren an d'Aarbecht flexibiliséieren, muss een den Euro als Zerstéierungsfacteur vun der franséischer Wirtschaft opginn, déi national Onofhängegkeet vu Frankräich nees zeréckerueweren, sech vun engem vun Däitschland dominéierten europäeschen Imperialismus distanzéieren a sech dofir ee gewiichtegen Alliéierte sichen, nämlech d'USA.