Radioen

On air

Notturno  |  Elliott Smith - Pitseleh

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keng Madonnaen a keng Houeren

Graphic novel

Keng Madonnaen a keng Houeren

Déi franséisch Zeechnerin Nine Antico liwwert mat "Madones et putains" (Dupuis/Aire Libre) en däischtere Portrait vun dräi Fraen am Italie vum 20. Joerhonnert - dräi Helleger op hir Manéier.

auto_stories

1 min

Ganzen Interviewplay_arrow


Direkt mat hirem éischten Album "Le Goût du paradis" hat d'Virginie "Nine" Antico 2008 den Duerchbroch an der Welt vun der BD gepackt. Zënter deem gëtt am Milieu genee verfollegt wat si esou verëffentlecht, sief et als Zeechnerin, sief et als Zeenaristin ("Il était deux fois Arthur", zesumme mam Grégoire Carlé).

Tëschenduerch realiséiert d'Nine Antico och scho mol e Film wéi "Playlist" (2021). An där romantescher Komedie a schwaarz-wäiss geet et ëm eng jonk Fra, déi eng Karriär... an der Bande dessinée ustrieft.

Agata, Lucia a Rosalia

Der Nine Antico hir lescht Graphic novel "Madones et putains" setzt dräi Fraen an Zeen, déi dat grad net sinn: Madonnaen an Houeren. Mee als solch goufen se am ganz kathouleschen Italien am Laf vum 20. Joerhonnert behandelt, d'Agata, d'Lucia an d'Rosalia - dräi Virnimm vun Helleger...

Op der rezenter Foire du livre zu Bréissel hu mer d'Nine Antico ë.a. gefrot, wéi ee mat engem Rock-Background op esou eng Thematik kënnt, wat ee mat der Bande dessinée anescht kann ausdrécke wéi mam Film, oder nach firwat sech rezent feministesch Filmer sou dacks op d'Vergaangenheet beruffen.