Radioen

On air

Notturno  |  Shabason, Krgovich & Harris - I Don't See The Moon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Judith Vanistendael: Penelopes zwei Leben

Gezeechent

Judith Vanistendael: Penelopes zwei Leben

D'Penelope ass eng belsch Chirurgin, déi am Biergerkrich a Syrien am Asaz ass. Déi zwee Liewen aus dem Titel vun der Judith Vanistendael hirer Graphic Novel bezéie sech op de Kontrast tëschent där Aarbecht an dem quasi normale Familljeliewen, dat d'Penelope soss féiert.

auto_stories

2 min

D'Geschicht spillt bal komplett wärend dréi Méint, déi d'Penelope tëschent zwee Asätz doheem an der Belsch verbréngt, esou datt ee vun deem anere Liewe praktesch näischt gesäit. Trotzdeem ass Syrien ëmmer present, bal wéi e Schiet, dee sech iwwer d'Familljeliewe leet. De Konflikt tëschent deenen zwee Liewen, tëschent de Responsabilitéiten a Syrien an deenen an der Famill, ass dat zentral Theema bei der Vanistendael.

"Penelopes zwei Leben" ass e rouegt, onopgereegt Buch. Fir d'Penelope ass et kloer, datt si hiren humanitären Asaz weidermécht, mee vis-à-vis vun hirer Famill muss si sech erklären, grad virun hirer Duechter Helena, déi kee Verständnis fir der Penelope hire Choix huet an drop pocht, datt hir Mamm fir si do ass. Mat hirer psychologescher Komplexitéit an hiren dynamesche Relatioune sinn d'Figuren eng vun de grousse Stäerkte vun der Judith Vanistendael, déi och eng grouss Sensibilitéit am Ëmgang mat hinne weist.

D'Buch huet och e klore feministesche Volet. Op gewëss Aart a Weis geet et ëm déi klassesch Verbindung tëschent Beruff a Famill, déi hei natierlech zougespëtzt ass, an déi d'Zeechnerin och duerch Uspillungen un den Homer a seng "Odyssee" illustréiert. Där hir Figurekonstellatioun dréit si hei ëm: Et ass d'Penelope, dat d'Famill verléisst, fir d'Welt ze retten, wärend de Mann, also den Odysseus, doheem bleift.

Déi allgemeng roueg Qualitéit vum Comic fënnt een och am Stil: D'Judith Vanistendael notzt Aquarellzeechnunge mat douce Faarwen an eng schwaarz Tuschlinn, déi dacks just d'Konture vun de Figuren an hir Gesiichter accentuéiert. Esou ass "Penelopes zwei Leben" insgesamt eng Graphic Novel, déi duerch d'Liichtegkeet an d'Nuancen iwwerzeegt, déi se an hir komplex Theemen erabréngt.