Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jhang Schortgen : Den éischten Aarbechter an der Chamber

Zäithistoriker

Jhang Schortgen : Den éischten Aarbechter an der Chamber

Den éischten Aarbechter deen an der Chamber gewielt gouf ass duerch en Aarbechtsaccident ëm d'Liewe komm, an dat och nach grad en 1. Mee - den 1. Mee 1918. Säin Numm war Jhang Schortgen.

auto_stories

6 min

Vincent Artuso

Näischt am Universum reest méi schnell ewéi d'Luucht: 300.000 Kilometer an der Sekonn. Déi Geschwindegkeet erlaabt engem Sonnestral d'Äerd an aacht Minutten z'erreechen. Dat bedeit dat mir den Zoustand vun der Sonn mat aacht Minutte Verspéidung entdecken. Alpha Centauri ass de Sonnesystem deen am noosten un eiser Sonn leit. En ass véier Liichtjoren vun eis ewech, seng Luucht braucht also 4 Joeren fir eisen Planéit z'erreechen. Déi grouss Majoritéit vun den Stären déi een mam bloussen A gesäit, sinn awer ongeféier 1.000 Liichtjoren vun eiser Sonn ewech.

Wa mir d'Stären betruechten, kucken mir also an d'Vergaangenheet. Et ass souguer méiglech, obwuel statistesch éischter onwahrscheinlech, datt mir haut nach Himmelskierpere bewonneren déi scho virun laanger Zäit verschwonnen sinn.

Wat fir d'Stäre potenziell stëmmt, stëmmt ganz sécher fir d'Iddien. Verschiddener gesäit een nach blénken obwuel se längst dout sinn. Dat versteet een am beschten wann een d'Geleeënheet kritt sozialistesch Ministeren, ënner anerem de Wirtschaftsminister vun engem Steierparadäis, ze gesinn wéi se opstinn fir d'Internationale ze sangen. De wëssenschaftleche Privileeg esou e Phenomen z'observéieren krut ech virun Kuerzem. Den Ulass war den 100. Doudesdag vun enger wichteger Figur am Lëtzebuerger Sozialismus, dem Jhang Schortgen.

Eng kleng liberal Elite

De Schortgen war den éischten Aarbechter deen an d'Chamber gewielt gouf. Dat wier schoun genuch fir seng Aura z'erkläerten. Dono kommen och nach d'Circonstance vun sengem Doud. De Schortgen ass an der Minn gestuerwen, duerch en Aarbechtsaccident, an dat och nach grad en 1. Mee - den 1. Mee 1918. Deen Dag war net fräi, Lëtzebuerg war besat, während deem Éischten Weltkrich hu vill Lëtzebuerger, virun allem Aarbechter, Honger gelidden an den Här Deputéierten huet missen schaffen goe fir seng Famill z'ernären.

D'Membere vun der Chamber goufen deemools nämlech net bezuelt. D'Politik war eng Aktivitéit déi fir eng kleng, bemëttelt Elite geduecht war. Dat war net onlogesch an engem Land wou och just eng Minoritéit d'Walrecht hat. D'Zuel vun de Wieler war deemools streng vum Zensuswahlrecht limitéiert. Et konnten just déi wielen goen di amstand waren den Zens - eng bestëmmten Zomm Steieren - ze bezuelen.

Den Zens war am Joer 1892 vun 30 op 15 Frang erofgesat ginn. 14% vun den Lëtzebuerger konnten, vun deem Moment un, un de Walen deelhuelen. Dat war net vill, mee trotzdeem genuch fir d'Muecht vun der liberaler Elite ze bedreeën. D'Erweiderung vun der Wielerschaft, wann och bescheiden, huet d'Entwécklung vun der Sozialdemokratie, mee virun allem vum politesche Katholizismus gefërdert.

Politesch Allianz tëscht Liberalen a Sozialdemokraten géint Klerikalismus

Well déi Klerikal, an hiren An, déi gréisst politesch Gefor waren, hunn déi Liberal eng politesch Allianz mat den Sozialdemokrate geschloss an de sougenannte Lénksblock forméiert. Esou eng Allianz gesäit haut banal aus. Deemools war se net esou evident. Wat se zesummegeschweest huet, war engersäits den Antiklerikalismus an anerersäits d'Hoffnung vun de Sozialdemokraten, iwwer den institutionelle Wee, d'Patronen zu Reformen zu Gonschten vun den Aarbechter ze beweegen. Déi Allianz huet och d'Wahl vun engem Mann erlaabt, deen net emol genuch verdéngt huet fir wielen ze goen.

De Jhang Schortgen war 1880 zu Téiteng op d'Welt komm. Seng Mamm war 19 Joer al, de Papp onbekannt. Mat zwielef Joer huet en ugefaangen mat schaffen a mat 16 huet en eng Plaz op der Schmelz fonnt. De Schortgen huet also ganz fréi mat der Schoul opgehalen an huet dono zwielef Stonnen am Dag haart geschafft fir just genuch ze verdéngen fir z'iwwerliewen. Eng schwéier Existenz, sécher, mee déi awer och vun Virwëtz, Kampfgeescht an Hoffnung gepräägt war. No der Schicht huet den Schortgen gelies, versicht seng Epoch ze verstoen, an en huet sech politesch engagéiert, fir säi Lous, dee vun senger Famill a a vun senger Klass ze verbesseren.

D'Schicksal wollt och, datt deen intelligenten a verbassene Representant vun der Aarbechterschaft am Juni 1914 gewielt gouf, datt en also grad an enger Period vun déifste Misär d'Stëmm vum Vollek an d'Chamber brénge konnt. Direkt nom Ufank vum Éischte Weltkrich war Lëtzebuerg vun däitschen Truppen besat ginn. Während deenen véier nächste Joren ass d'Land formell onofhängeg bliwwen, mee huet a Wierklechkeet den enorme politeschen an ekonomeschen Drock vum Besatzer ze spieren kritt.

Präisser fir Liewensmëttel ginn drastesch an d'Luucht

D'Präsenz vu bis zu 5.500 däitschen Zaldoten an d'Schwieregkeet Nahrungsmëttel z'importéieren hunn d'Ernärungssituatioun prekär gemaach. D'Präisser sinn horrend an d'Luucht gaangen. Elleng am éischten Wanter goufen déi fir Weess a Gromperen verduebelt, déi fir Bounen, Ierbessen a Lënsen verdräifacht. An senger Interventioun, wärend der Chamberssëtzung vum 28 Juli 1915, huet de Schortgen d'Lag vun den Aarbechter esou duergestallt:

"Die knappen Brotrationen, auf die wir seit dem März angewiesen sind, haben manchen Familienväter die Tränen entlockt, wenn seine Kinder Brot verlangten. Ich habe manche Familienväter kennen gelernt, die von Luxemburg und aus dem Rösertale in die Minettsgegend zur Arbeit kamen und des Morgens, weil sie keine Mittagssuppe bekamen, ihre Brotration und noch ein Teil von der ihrer Kinder mitnehmen mussten, so dass ihre Kinder tagsüber ohne Brot waren."

De Lénksblock zerbréckelt

D'Onfäegkeet vun der Regierung de Ravitaillement ze sécheren, mee och seng Ënnerstëtzung vun der Stolindustrie, déi dank de Besoinen vun der däitscher Krichsproduktioun enorm Profitter gemaach huet, huet d'Roserei vun der Aarbechterbeweegung vun Dag ze Dag gesteigert. An dem Kontext ass de Lénksblock zerbréckelt. Déi éischt onofhängeg Aarbechtergewerkschafte sinn deemools entstanen, d'Sozialdemokraten hunn hiren traditionellen Reformismus net opginn, mee hu fir eng méi offensiv Strategie optéiert.

Am Mee 1917 hunn am Minett d'Aarbechter fir d'éischte Kéier an der Lëtzebuerger Geschicht massiv gestreikt. Si goufen vun der däitscher Arméi, mam Averständnis vun der Lëtzebuerger Regierung, niddergeschloen. An der Chamberssëtzung vum 24 Juli 1917 huet de Schortgen, deen deemools besonnesch isoléiert war, versicht de Streik ze rechtfäerdegen an eng positiv Conclusioun ze fannen:

"Trotzdem die Arbeiter als die Besiegten aus dem Streik hervorgegangen sind, haben sie doch einen moralischen Sieg errungen. Denn Sie haben das Land darauf aufmerksam gemacht, wie schlecht ihre Lage ist und wie notwendig es ist, dass ihnen in ihrer Lage geholfen werde [...] Das Proletariat des Erzbassins hat diesmal bewiesen, dass es gemeinschaftlich und solidarisch für seine Interessen eintreten will."

De Schortgen selwer war während dem Streik entlooss ginn an huet schlussendlech eng méi geféierlech a manner gutt bezuelt Plaz an der Minn missten acceptéieren, wou en ee Joer méi spéit gestuerwen huet. Säi politeschen Asaz huet e mat sengem Liewen bezuelt.

D'Lëtzebuerger Geschicht gouf net nëmme vun den Elitte geschriwwen

Dee bal mytheschen Doud soll awer net täuschen. D'Kraaft vun der Figur vum Schortgen leit net just an der Symbolik mee an den Akten. Déi beweisen dat een d'Exzesser vum Liberalismus net acceptéiere muss well et anscheinend keng alternativ gëtt oder well d'Kräfteverhältnesser schlecht ausgesinn, datt den Auswee net am Individualismus mee an der Solidaritéit an an der Organisatioun ze sichen ass an. Et weist awer och, datt d'Lëtzebuerger Geschicht net nëmme vun den Elitte geschriwwe gouf.