Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ich will Europa erzählen können"

Literatur

"Ich will Europa erzählen können"

Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner an dem Institut Grand-Ducal war den éisterräichesche Schrëftsteller Robert Menasse ze Lëtzebuerg. Hien huet säin neie Roman "Die Erweiterung" virgestallt. D'Valerija Berdi hat Geleeënheet mam Robert Menasse iwwer säi Buch ze schwätzen.

auto_stories

3 min

Den éisterräichesche Schrëftsteller Robert Menasse huet säin neie Roman virgestallt. (Foto: Valerija Berdi)

Lauschtert de ganzen Interviewplay_arrow


"Zwerge haben die Welt erobert." Dësen expressive Saz ass den Ufank vum Roman "Die Erweiterung". Firwat dee Saz? An der Geschicht vun de leschten 100 bis 150 Joer, gesäit de Robert Menasse "eine Geschichte des größenwahnsinnigen Kleingeistes, die Geschichte des Nationalismus, der Irrglaube, dass kleine Nationen souverän über ihr Schicksal entscheiden können und in Freiheit leben können."

Am Roman geet et net ëm kleng Staaten, mee ëm déi grouss EU an de grousse Leader duerch dës Geschicht ass net iergendee Politiker, mee een Helm. Den Helm vum albaneschen Nationalheld Skanderbeg, deen aktuell ze Wien am Kunsthistoreschem Musee ausgestallt ass.

Den Helm vum Skanderbeg als Leitmotiv

De Lieser gëtt net just déi historesch Dote vun albanesche Fürst a Militärkommandant, deen am 15. Joerhonnert gelieft huet, gewuer, mee et ass virun allem déi metaphoresch Bedeitung vum Skanderbeg

"Skanderbeg (ist) eine dialektische Figur, ein europäischer Held, der durch eine seltsame Entwicklung zu einem nationalen Helden wurde, der er nie war."

Widderspréch sinn dann och d'Leitmotiv an dësem 650 Säite staarke Roman. Esou sinn déi zwee Länner Albanien a Polen, déi am Fokus stinn.

"Widerspruch anhand von Biografien, von Schicksalen, vom Handeln der Menschen, von ihren Hoffnungen, wie sie scheitern, zu erzählen. Diesen Widerspruch, dass es Mitgliedstaaten, die europäisches Recht brechen gibt, und auf der anderen Seite gibt es Nicht-Mitgliedstaaten, die wollen unbedingt hinein und implementieren europäisches Recht. Ein Land wie Albanien, das nicht Mitglied der EU ist, ist, was EU-Recht betrifft, bereits rechtskonformer als Polen, das eigentlich europäisches Recht beachten. Dieser Widerspruch hat mich interessiert. In Polen gewinnt man eine Wahl, wenn man gegen die EU wettert, in Albanien kann man nur eine Wahl gewinnen, wenn man verspricht, dass Albanien EU-Mitglied wird."

Wat heescht et, Europäer ze sinn?

Wéi entwéckelen sech Mënschen, déi zesummen opgewuess sinn, dann awer an zwee verschiddene Länner liewen? Wéi geet Léift tëschent verschiddenen Natiounen? A wat passéiert, wa mir all bedeitent Politiker:innen op eng Croisière setzen, déi op eemol kee méi u Land loosse wëll?

"Ich will Europa erzählen können, was es heißt, Europäer zu sein, in Europa zu leben, und Teil eines historischen Prozesses zu sein, der, ob wir das spontan begreifen, eigentlich ein Avantgarde-Projekt ist.