Radioen

On air

Kultur um 5  |  Caribou - Odessa (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Honnert Joer Pol Aschman

Fotografie

Honnert Joer Pol Aschman

Virun 100 Joer koum de Fotograf Pol Aschman op d'Welt. D'Fotothéik gedenkt dësem Pionéier vum Lëtzebuerger Fotojournalismus elo mat enger Ausstellung am Cercle Cité.

auto_stories

2 min

Vu Kandheetsfotoen, iwwer Foto-Reportagen, bis hin zu Architekturfotoen an Natures morten zeechent d'Ausstellung "des gens et des rues" am Ratskeller dem Lëtzebuerger Fotograf seng ganz Vita no.

"E Bléck vu Vertrauen"

D'Ausstellung gouf vum Neveu vum Pol Aschman curatéiert, dem Christian Aschman. Wärend senger intensiver Recherche an den Archive vun der Fotothéik ass him besonnesch sengem Monni seng Mënscheléift opgefall. Dës kënnt virun allem an de Portraiten, déi ausgestallt sinn zum Virschäin.

Et gëtt eng Mauer an der Ausstellung vu 44 Portraiten, wou d'Leit an d'Kamera kucken. "Ech wollt weisen, datt hien wierklech een immens flotte Kontakt mat de Leit hat an egal wéi engem soziale Milieu. Et si Leit op der Schläifmillen, et sinn Aarbechter, et si Fotoen vum groussherzoglechen Haff dobäi" seet de Curateur.

D'Portraite wierke vertraulech. D'Leit wierke bequeem, deelweis souguer houfreg. Laut dem Christian Aschman ass dat virun allem wéinst der Atmosphär, déi de Fotograf geschaf huet:

"Et kënnt ëmmer ee ganz douce Bléck eriwwer. E Bléck vu Vertrauen, frou sinn, stolz. Bei ville Leit ass och Stolz present. Seng Subjektivitéit fannen ech do rëm, säi Personnage, säi Charakter, och seng Geschicht."

De Pol Aschman wier een Eenzelgänger gewiescht, deen duerch de Medium Fotografie op där enger Säit eng Protektioun hat - an op där aner Säit: "kritt ee ganz vill Dieren opgemaach duerch den Apparat. Et ass sou eppes wat sech dertëschent setzt, mee et kënnt een un d'Leit erun, et kënnt een op Plazen erun, wou ee villäicht ouni Fotoapparat net sou dohinner kënnt."

De Wee bei d'Fotografie war ee schwéiere fir de Pol Aschman. Am zweete Weltkrich gouf hien als Resistenzler zwangsrekrutéiert. Nom Krich huet hie laang gebraucht fir säi Wee ze fannen, bis en schlussendlech beim Fotojournalismus ukomm ass. Seng Haaptsujete ware grouss Evenementer wéi d'Schueberfouer a Jugendgruppen, ee Wee seng eege verluere Jugend ze recuperéieren.

"Et ass d'Jugend vun der Nokrichszäit, wou probéiert ginn ass déi ganz Period do ze vergiessen. D'Leit ware vill ënnerwee, vill dobaussen. D'Kanner hunn an der Strooss gespillt. Et war wierklech de Besoin no Fräiheet do, no Kontakt. Déi Spontaneitéit, déi Energie déi do dran ass, dat hunn ech ganz flott fonnt."

D'Ausstellung "des gens et des rues" ass net just eng Ausstellung iwwer dem Pol Aschman säi Liewenswierk, mee och iwwer de Fotograf selwer. D'Sujete virun der Kamera - sief et Mënsch, Architektur, oder Objet - gi genau sou héisch gehale wéi de Mann dohannert.