Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine - Anyone's Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gitt Der mat op de Mars?

Kultur

Gitt Der mat op de Mars?

"Esch - Mars - de Terres Rouges en Terres Rouges" heescht de Projet vum Kënschtlerkollektiv Eddi van Tsui. Ee Joer laang exploréiert d'Ekipp op wëssenschaftlecher, sozialer, artistescher a literarescher Manéier de Sujet vun der Kolonialiséierung vum Mars. E Projet fir d'Kulturjoer Esch 2022.

auto_stories

2 min

Si hate grad e Reportage iwwer d'Kolonialiséierung vum Mars gesinn, wou se op der Sich no engem Projet fir d'Kulturjoer Esch 2022 waren an do war dann och d'Inspiratioun do, erkläert Pierrick Gobérty, deen nieft der Sandy Flinto an dem Daniel Marinangeli , Porteur de Projet vun "Esch-Mars de terres roues en terres" ass.

E Projet iwwer de Planéit Mars. Eng Relatioun mam Minette läit schonn op der Hand. De konkreten Hannergedanken ass, d'Refinitioun vun eisen ethesche Wäerter a vun eiser sozialer Struktur.

Ass e Liewen um Planéit Mars méiglech a wat heescht dat fir déi individuell a kollektiv Identitéit?

A véier Phase geet d'Ekipp dëse Froen op d'Spuer

Déi éischt Phas ass elo um Start: Wärend 40 Deeg begéinen d'ArtistInne WëssenschaftlerInnen aus ganz ënnerschiddlechen Domainen: aus der Informatik, der Astrophysik, der Geographie, der Politikwëssenschaft, der Robotik, der Literatur, Mikrobiologie...

Mat hinne soll dann eng méiglech oder onméiglech Zukunft beschwat a festgehale ginn, iert et da mat dëser Datebank an déi zweet Phas geet.

Hei sinn dann d'BiergerInne gefrot. Wärend 40 Deeg gi mat ausgewielte Leit, och a Form vu Micro-trottoir, d'Zukunft vum Mënsch um Mars beschwat, iert dann d' Auteuren Daniel Marinangeli, Paul Mathieu an Tom Nisse mat den Aussoe konfrontéiert gi fir aus dësen eng eegen Narratioun ze kreéieren.

An da geet de Projet an déi drëtt Phas: hei geet et ëm déi artistesch Traductioun vun de Kollekt. Siwe KënschtlerInnen aus Lëtzebuerg an aus dem Ausland aus ganz ënnerschiddleche Sparte befaassen sech mat Sujet an dann an der véierter Phas ass d'Ausstellung an der Escher Konschthal um Programm.

E Projet, deen och finanziell muss opgoen, D'Companie Eddi van Tsui krut knapp 30 Prozent vun der asbl Esch 2022 finanzéiert. De Rescht hu se selwer missen zesumme kréien. E weideren Defi....