Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Chacon - Above Below

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geiselnam ouni Zil

Netflix

Geiselnam ouni Zil

Eng Geiselnam op engem Tëleesplateau op Silvesterowend 1999 ass den Ausgankspunkt vum polneschen Drama ''Prime Time''. No zéng Joer Postkommunismus war a Polen d'Loft schonn eraus, sou de Message vum Film.

auto_stories

3 min

Silvesterowend a Polen. Et sinn déi lescht Stonne vum Joer 1999. Op der Tëlee lafen all méiglech Emissiounen, dorënner eng Quizshow, an där d'Tëleespectateuren e klengen Auto kënne gewannen. Op eemol kënnt e jonke Mann mat enger Pistoul op de Plateau gestiermt. Hien hält e Wiechter als Geisel, an dann och d'Animatrice vun der Emissioun. De Sebastian, sou heescht de jonke Mann, fuerdert e Live-Optrëtt op der Tëleeschaîne - wa méiglech no der Ried vum polnesche Staatspresident...

Sou fänkt de polneschen Drama ''Prime Time'' vum Jakub Piatek un, mat enger Situatioun, also, wéi een der scho méi dacks am Kino gesinn huet. Markant war an der Lescht besonnesch dem Joaquin Phoenix alias Joker säi spektakuläre Court-circuitage vun enger Talkshow. Allerdéngs war deen do beim Robert De Niro invitéiert, éier en de weidere Verlaf vun der Emissioun selwer an d'Hand geholl hat...

A ''Prime Time'' erliewe mer eng méi klassesch Geiselnam, mat den übleche Versich vun der Police, fir mam Täter ze verhandelen, a mat de Reaktioune vun den zwou Geiselen, déi no an no de sougenannte Stockholm-Syndrom entwéckelen, dat heescht, datt se sech vun engem gewësse Punkt u mam Täter identifizéieren.

Wat motivéiert den Täter?

Den Haaptinterêt vum Film ass bestëmmt net seng Dramaturgie. Vill méi gëtt den Interessi op d'Beweeggrënn vum jonke Sebastian gelenkt. Mat Spannung waart een als Spectateur op de Message, deen hie wëll lassginn.

Scho ganz fréi huet d'Police säi Papp an de Produktiounsraum bruecht. Dee soll probéieren, sengem Jong an d'Gewëssen ze rieden. Mee vun deem Gespréich kënnt esou gutt ewéi näischt op d'Tapéit, dat eis nëmmen usazweis géif op d'Spuer bréngen.

An esou verginn d'Minutten an dësem dach e bësse laangootmege Huis clos, trotz de knapper annerhallwer Stonn, déi en dauert.

Däischtere Bilan no zéng Joer Postkommunismus

De Schlëssel zum Rätsel liwwert, sou huet een den Androck, den Zäitpunkt vun der Handlung. Den Iwwergang zum Joer 2000, symboleschen Ofschloss respektiv Ufank vun engem Joerdausend, war deemools mat der Angscht virun engem informatesche Bug verbonnen, wouriwwer ee Reportage-Fetzen ze gesi kritt. Dem deemolege polnesche President Kwasniewski seng hoffnungsvoll Ried u seng Matbierger steet am schaarfe Kontrast zu engem Interview-Bäitrag, an deene Jonker zouginn, hir Zukunft am Ausland ze gesinn.

Nëmmen ee Joerzéngt nom Enn vum Kommunismus an Osteuropa waren d'Illusioune schonn all zerstéiert. Vum klenge Präisauto an der Emissioun léisst sech kee Mënsch méi blenden.

Talentéierten Acteur

De Sebastian, dee mat senger Pistoul dorëmmer fuchtelt an um Tëleesplateau hin an hir jauft, wierkt deementspriechend desillusionéiert an desorientéiert. Dat ass am Fong och schonn de Message, deen en ze vermëttelen huet. Wonnerbar interpretéiert gëtt seng Roll iwweregens vum Bartosz Bielenia, deem säi schauspillerescht Talent am Jan Komasa sengem rezente ''Corpus Christi'' reveléiert gi war.

Dem Bielenia seng nuancéiert Prestatioun an de politesche Subtext hiewe ''Prime Time'' iwwer d'Banalitéit eraus. Dësen Drama huet de grousse Merite, d'Problemer vu Polen e bësse méi wäit an d'Vergaangenheet sichen ze goen a se net op den aktuelle populistesche Moment ze reduzéieren, deen eigentlech just e Symptom ass.