D'Butteksmadame Clara Thomine huet sech fir hire Konscht-Commerce bosseg Sloganen afale gelooss, op enger Affiche liest een "fin du monde, j'y vais".
En typeschen Clara Thomine. D'Kënschtlerin a Performerin, di 1990 zu Nanzeg gebuer an opgewuess ass, an elo zanter 10 Joer zu Bréissel lieft, balancéiert geféierlech op der Grenz tëscht Fiktioun a Realitéit, Sarkasmus a Satir, beréiert schellemzeg awer och kannereg d'Schwaachpunkte vun der Gesellschaft. Dofir léisst d'Clara Thomine sech heefeg als eng Aart bëseleg Reporterin filmen, di reell Situatiounen komplett verdréit erkläert an esou net just fir e Schmunzelen, ma och fir Nodenke suergt. Déi Kéier mat engem Après-la-fin-du-monde-Souvenir-Shop plus 3 Videoen. Mee déi Kéier hätt d'Kënschtlerin d'Kéier bal net kritt.
"Christallo-Chronologie"
De Charles Rouleau, 1988 am Québec op d'Welt komm, huet an den USA an zu Berlin gelieft a geschafft, duerno zu Heidelberg Konschtgeschicht studéiert, do seng Partnerin, eng Lëtzebuergerin kenne geléiert; aktuell pendelt hien tëscht Lëtzebuerg an Amsterdam, wou hien e Master an "artistic research" mécht. Fir hie war d'Joer 2020 decisiv, hie war net mat Existenz- oder aneren Ängschte geplot, au contraire.