Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Painted Bird vum Václav Marhoul

#Venezia76

The Painted Bird vum Václav Marhoul

Um Filmfestival vu Venedeg, deen elo a säi leschten Drëttel kënnt, ass et dëser Deeg richteg grujeleg ginn. Eppes mat engen "ugestrachene Villchen". Den Tom Dockal huet "The Painted Bird" op der Plaz gesinn an huet eng Kritik formuléiert.

auto_stories

4 min

Op engem Filmfestival - sief dat elo zu Venedeg, Cannes, Timbuktu oder esouguer Lëtzebuerg - sinn zu 95 Prozent Filmer programméiert, bei deenen een zimlech séier versteet, firwat se gewise ginn. Sozial Dramae mat enger politescher Aktualitéit, am beschten aus dem Iran, dat ass wat Festivalprogrammateure gäre gesinn. Mee da gëtt et déi fënnef Prozent, déi iwwereg bleiwen. Filmer, déi ee beim beschte Wëllen net ze kategoriséiere weess, déi komplett aus dem Näischt opdauchen a Leit awer esou richteg virun de Kapp stoussen. Kënnen.

"The Painted Bird" vum Vaclav Marhoul ass esou e Film. Schwaarz-wäiss, esou gutt wéi dräi Stonne laang an zum gréissten Deel a slaweschem Esperanto gehalen. Kee Witz, slaweschen Esperanto gëtt et wierklech! Op alle Fall huet et dëse laangen, schwaarz-wäissen Esperanto Film an déi wichteg Haaptkompetitiounskategorie gepackt.

De Film geet op mat engem Bouf, deen duerch e Bësch leeft. En otemt schwéier, e gëtt gejot an an den Äerm hält hien e Frettchen. Zimlech séier gëtt hien zu Buedem geschloen an d'Déier - en Hausdéier? - aus den Äerm gerappt. Wärenddeem de Bouf ënner Péng um Buedem läit, gesäit hien, wéi déi aner Jongen ënner sengen d'Aen d'Véi lieweg verbrennen.

Vu wou dat Kand kënnt, wien déi aner sinn a wat iwwerhaapt geschitt, gëtt net erkläert. An dobäi huet den 169 Minutte Film jo reng theoretesch Zäit fir dat ze maachen. Kuerz dono gëtt hie vun engem Mann - sengem Papp? - bei enger Fra ofginn, bei där hie manifestement net wëllt sinn. Et schéngt just iwwergangsweis ze sinn. Mee, onglécklecherweis brennt d'Haus mat der Fra of. De Bouf zitt weider. Gëtt vun der nächster Fra - vläicht Schamanin, vläicht Hex, vläicht béides - opgeholl a gëtt hiren Assistent. Bis datt hie krank gëtt a si hie bis ënner de Kënn agrueft. A Kueben him bal de Kapp opsplécken.

An esou weider an esou virun. De ganze Film suivéiert de Bouf ouni Numm - deen d'autant plus sou gutt wéi keen Dialog huet - an néng méi oder manner laange Vignetten, Kapitelen, déi d'Rencontere mat Personnagen iwwertitelen. Jiddwereen, ouni Ausnam, notzt de Bouf op déi eng oder aner schrecklech Manéier aus. Gewaltsam Abuse stinn op der Dagesuerdnung an dat geet vu inzestuéise, pädophil- an zoophille Situatiounen, déi wierklech richteg deroutéieren.

Eng staark Mise en scène

"The Painted Bird" vum Tschech Vaclav Marhoul ass d'Adaptatioun vum Jerzy Kosinski sengem Buch aus den 1960er. Lues a lues kritt een tëschent all deene Grujelegkeeten erausgefiltert, datt de Jong den Zweete Weltkrich an enger ondefinéierter Géigend an Osteuropa versicht ze iwwerliewen. Iwwerliewen an engem Deel vun engem Kontinent, deen net just nëmmen eng zweete Kéier an deem Joerhonnert op de Weltënnergank zousteiert, mee deen och nach mat enger uraler Notioun vu Moralvirstellung agéiert an degeneréiert. De Bouf fiert en duebelen Iwwerliewenskampf, wou een iergendwann net méi ze ënnerscheede weess, wien dat gréissert Monster ass.

Dëse ganzen - demokratesch ausgedréckt, fatalistesch existenzielle Miseribilismus - gëtt an den Hänn vum Realisateur Marhoul a sengem Kameramann Vladimir Smutny op eng Manéier verpaakt, déi dem ganzen Horror eng transzendental Notioun ginn an zu kengem Punkt net manner wëllt sinn, wéi eng Léierstonn a Saachen Condition humaine. Mee alles duerch d'Kraaft vun der Mise en scène an dem Bild.

Eng Zort metaphyseschen Horror, Kino, deen an esou enger Form zanter Joerzéngten am Fong net wierklech gemaach gëtt. Wéinst dem wonnerschéine schwaarz-wäiss denkt een un net onwichteg Filmer wéi "L'enfance d'Ivan" vum Tarkovski oder "Marketa Lazarova" vum Vlacil. Den Tarkovski wéinst dem Kand während dem Zweete Weltkrich, de Vlacil, well dem Marhoul säi Film zwar während där Zäit situéiert ass, mee grad esou gutt kéint am Mëttelalter oder vläicht esouguer an enger post-apokalyptescher Zukunftsvisioun spillen. Bulli, Dreck a Gestank dréckt sech duerch all Bild vun der Pellicule an, an deem agéiert ee Kand. Gespillt vum Petr Kotlar. Stoiesch, bal muet, mee mat enger Determinatioun an den Aen, déi mat all Episod ëmmer méi "ofgebrüt" an haart ginn. Denkt un "Au hazard, Baltazar" vum Bresson an tauscht d'Déier mat deem Kand aus. An tëschent all deem dauche Leit wéi Stellan Skarsgard, Harvey Keitel, Barry Pepper, Udo Kier an Julian Sands op.

Während der Pressevirstellung sinn Horden aus dem Kinossall erausgaangen, ze ongedëlleg schéngen d'Gemidder mat esou engem Kino ze sinn. Och op engem Filmfestival. Grad do, wou de Kino an all senge Facette sollt, MUSS gefeiert ginn. Och wann et esou onkategoriséierbar ass wéi bei "The Painted Bird" vum Vaclav Marhoul. Ech wënschen dësem grousse Film eng wäit Rees an e Präis op der Mostra, mee weess gläichzäiteg, datt en et schwéier wäert hunn.