Eng Professesch gëtt vun der Elterevereenegung geschleeft, nodeems e private Sextape vun hir an hirem Mann zoufälleg an den Internet geroden ass. Dorëms geet et an der Lëtzebuerger Co-Produktioun "Bad Luck Banging or Loony Porn" (Paul Thiltges Distributions).
Eng trivial Handlung, wéi de Realisateur selwer zougëtt. Dem Radu Jude goung et ëm eppes aneschters: nämlech d'Liene mat der rumänescher Geschicht, mam allgemenge sozio-politesche Kontext.
Am Oktober war de rumänesche Realisateur zu Lëtzebuerg, fir d'Jury vum CinEast-Festival ze presidéieren. Do hu mer eis mat him getraff, fir iwwer säi Film a seng ganz apaart Opfaassung vu Kino ze schwätzen.
De ganzen Interview mam Radu Jude héiert Dir hei: