Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - Marble Walls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Zivilisatioun geet un hirer Dommheet zugronn

Netflix

Eng Zivilisatioun geet un hirer Dommheet zugronn

An der satirescher Drama-Komedie "Don't Look Up" vum Adam McKay gesinn zwee Wëssenschaftler de Komet kommen. D'Katastroph ass sécher wann näischt ënnerholl gëtt. Mee keen hëlt si eescht. E Film fir schonn Iwwerzeegtener.

auto_stories

4 min

E Grupp vun Astronomen aus der amerikanescher Provënz huet erausfonnt, datt e Komet vun néng Kilometer Duerchmiesser op d'Äerd zousteiert. De Berechnungen no dierft dee risegen Himmelskierper an eppes méi ewéi sechs Méint aschloen an d'Liewe komplett zerstéieren. Eng Weltmuecht wéi d'USA kéint eventuell d'Mëttele mobiliséieren, an der Hoffnung, de Komet dach nach ëmzeleeden an den absolutte Katastrophenzeenario ze verhënneren. Dofir missten d'Wëssenschaftler awer fir d'éischt emol Gehéier fannen...

Mat sengem Film ''The Big Short'' hat den amerikanesche Realisateur Adam McKay viru sechs Joer eng brillant an ënnerhalend Erklärung vun der Subprime-Kris virgeluecht. Dräi Joer méi spéit hat hie mam Biopic ''Vice'' gewisen, wéi e Politiker wéi dem George W. Bush säi Vize-President Dick Cheney praktesch aus der zweeter Rei eraus d'Weltpolitik op d'Kopp geheie konnt. Dem McKay säin neie Film ''Don't look up'', dee viru senger Verëffentlechung op Netflix och am Kino gelaf ass, dréint eemol méi ëm Entwécklunge vu globalen Ausmoossen.

Wat alles enger ''prise de conscience'' am Wee steet

De Komet, deen dat mënschlecht Liewen op der Äerd esou sécher wäert zerstéiere wéi d'Amen am Gebiet, steet natierlech fir déi ugesote Klimakatastroph. Datt déi kënnt, falls de status quo net drastesch geännert gëtt, ass wëssenschaftlech beluecht. An awer schéngt sech näischt Signifikatives ze doen.

Op eng satiresch Manéier, mee ouni d'Realitéit all ze vill mussen op d'Spëtzt ze dreiwen, illustréiert de Film déi verschidden Obstakelen, déi enger néideger ''prise de conscience'' an deemno engem determinéierten Handelen am Wee stinn: d'Politik mat hiren nach méi kuerzfristegen a vergläichsweis absurde Prioritéiten; Medien, déi duerch hir reng Entertainment-Logik fir eescht Informatiounen net méi ëmpfänglech sinn; sozial Medien, déi just nach Konspiratiounstheorië fërderen; grouss Technologie-Konzerner, déi global politesch Decisioune fir hir privat Zwecker confisquéiert hunn; an dann och Wëssenschaftler, déi fir e bësse Glanz a Gloria hir Prinzippien opginn.

All déi Aspekter gräifen aneneen a mënden an de Slogan ''Don't look up'': kuckt net erop, ignoréiert d'Gefor, dat heescht de Komet, deen op eis duerkënnt an - falls mer näischt dogéint maachen - eis mat Sécherheet wäert zerstéieren.

Dierft nëmme schonn Iwwerzeegtener iwwerzeegen

Vill bekannten Nimm goufe fir déi amerikanesch Produktioun mobiliséiert, dorënner eng Jett, déi zum politesch engagéierten Deel vun Hollywood zielen. Dorënner de Leonardo DiCaprio an d'Jennifer Lawrence als desillusionéiert Wëssenschaftlecher, d'Meryl Streep an der Roll vun enger um Donald Trump inspiréierter US-Presidentin, oder den - Héichpunkt vum Film - britteschen Acteur Mark Rylance als hilarant Verkierperung vun engem komplett weltfriemen, vum Transhumanismus gepräägte Konzernchef.

Eleng aus deem Grond dierft de politesche Message vum Film laanscht all déi an den USA goen, déi mam liberalen Establishment näischt um Hutt hunn oder e souguer haassen, an haaptsächlech nëmmen déi iwwerzeegen, déi de Klimawandel souwisou schonn als Fakt unerkennen. Mee kann esou e Film iwwerhaapt effikass sinn?

Vernonft ass schonn zerstéiert

Anescht ewéi de Lars von Trier, deen de Weltënnergang 2011 a sengem Meeschterwierk ''Melancholia'' virum Hannergrond vun engem intimistesche Familljendrama inzeenéiert hat, zeechent ''Don't look up'' de Portrait vun enger ganzer Zivilisatioun, déi wéinst hirer krasser Dommheet zugronn geet. D'Konsequenz, wann een esou wëll, vum Constat, deen den amerikaneschen Essayist Neil Postman 1985 a sengem Buch ''Amusing ourselves to death'' gemaach hat. De Postman hat deemools d'Logik vum kommerzielle Fernsee, dat heescht den Dauer-Entertainment, fir d'Zerstéierung vum rationalen Denke verantwortlech gemaach.

''Don't look up'' verlängert dës fatalistesch Bestandsopnam: wann dat intellektuellt Fundament feelt ass d'Katastroph sécher, an et kënnt eventuell just nach drop un, déi lescht Momenter op eng méiglechst dezent a gemittlech Manéier ze verbréngen. Mam gudde Gewëssen, et jo gewosst ze hunn. Mat engem ultimativen, gezwongene Laachen.