Mir sinn am Nikrichsbosnien an den Ismail Bjelokosa huet enger Famill en Dag iwwer dem Kapp ginn, dës Famill besteet aus "Zwei Alte, zwei Junge, ein Hund und eine Taube" an et ass net d'Dauf, déi hei aussergewéinlech ass, mee d'Behuelen vun der Famill. Nuets solle si mam Feier am Grapp plakeg ronderëm lafen, jäizen a komesch Spréch opsoen, an am Dag loossen si kee Mënsch bei hiert Haus, jiddweree gëtt menacéiert de Kapp ofgeschnidden ze kréien.
Elo si se fort an d'Noperen erliichtert, awer net den Ismail Bjelokosa, well seng Locatairë si verschwonnen ouni hir Rechnungen ze bezuelen an de guttmiddege Bosnier mécht sech op d'Sich no hinnen.
De Roman vum Faiz Softic ass u sech an dräi Kapitelen agedeelt, de roude Fuedem ass d'Geschicht vun der Sich no dëser Famill. De Roman fänkt mat hinnen un an hält mat hinnen op, mee dertëschent begéint een anere groteske Personnagen an Liewensepisoden, déi op den éischte Moment immens witzeg sinn, op den zweete Bléck d'Dramatik vum Mënschsi virweisen. Et sinn u sech Chroniken, Episoden, déi een u sech net kann an eng Zäit bestëmmen, si kéinten an iergend engem Joerhonnert spillen, well dem Softic säi Schreifstil ganz traditionell ass an eng enorm Erzielkraaft a sech dréit.
Net just eng Hausnummer
Mee mir sinn an der Ära nom Krich a Bosnien an all Wonnen, déi de Mënschen dee Krich ugedoen huet, kommen hei ganz subtil hanner de grotesken Zeenen zum Virschäin.
D'Geschicht vun zwee talentéierten a gescheite Jongen, wou een direkt am Ufank vum Krich ëmbruecht gëtt, e komesche Mann, dee verlaangt, datt jiddwereen, dee laanscht säin Haus trëppelt op de Buedem kuckt an vum Päerd klëmmt, wann e laanscht sollt kommen, e jonke Bouf, dee seng Mamm wëllt rächen.
"Menschen ohne Adresse", den Titel resüméiert absolut den Inhalt, an d'Adress ass net just eng Hausnummer an eng Uertschaft, mee och dat a sech selwer doheem sinn, dat wat engem dëse Krich, wéi wuel all Krich fir d'éischt ewech hëlt.
Witzeg a grotesk, mënschlech a brutal, märchenhaft a realistesch, alles ass hei ganz no beieneen, an dat vun enger Intensitéit, datt een, wann ee bis mat liesen ugefaangen huet, net méi lass léisst.
An dat, trotz esou munchem Manktem, deen een der Iwwersetzung an dem Editiounshaus reprochéiere muss.
E mageschen an erausstiechende Roman
Dem Softic seng Geschichte si ganz authentesch, voll vun traditionelle Gebräich a Riedewendungen, déif verankertem Awerglawen, reliéise Gewunnechten an Iwwerleeungen. Do feelt et dacks u Foussnotten, déi dem Lieser net just eng Hëllef wieren, mee wieren och dem Auteur senger Déifgrënnegkeet an Déifsënnegkeet gerecht ginn. Da gouf d'Iwwersetzung ze vill eent zu eent realiséiert. Engersäits verréit dat dem Softic säi prägnante Stil, anerersäits kléngt et dann awer mat Momenter onbehollef an holpereg, wat Schued ass.
Et sinn eng Onmass vu Personnagen, déi hei duerch d'Geschicht promenéieren a wann dann op eemol e falschen Numm do steet, esou ass dat net grad vu Virdeel, an datt de Verlag et verpasst huet, den Originaltitel mat an d'Buch ze drécken, "Ljudi bez adrese", ass net ze verzeien.
Trotzdeem soll een et net verpassen, dëse mageschen an erausstiechende Roman ze liesen!