U seng Mamm huet den Tilman Weber keng Erënnerung. Si huet sech d'Liewe geholl, wéi hien nach kleng war. De Bouf wiisst eleng mat sengem Papp op an eng jonk Fra versuergt hien, wann de Papp op der Aarbecht oder net disponibel ass.
Wéi den Tilman 13 Joer al ass, léiert säi Papp eng Fra kennen an d'Koppel proposéiert dem Tilman an en Internat un der Ostsee ze goen. Den Tilman hëlt dëse Virschlag un, mat der neier Fra ass hien net frou an och soss fënnt hie weider keen Uschloss. Net an der Schoul, net bei anere Kanner.
Eng Plaz, wou den Tilman sech entfale kann
Ganz séier fillt sech den Tilman wuel a sengem neien Doheem. Reformpedagogie - also eng Educatioun, déi sech un d'Besoinen, de Wënsch an den Talenter vun all eenzel Kand riicht, eng Erzéiung, d'Fräiheet, eegen Decisiounen an den Individualismus vu Kanner fërdert ass genee dat, wat dem intelligenten a sensibele Bouf gutt bekënnt a wou hie sech entfale kann.
Déi Jugendlech liewen a klenge Familljen, Gruppe vu fënnef bis sechs Kanner an den Tilman ass iwwerglécklech, wéi hein an d'Wieland-Haus plënneren dierf. D'Wielands sinn d'Begrënner vun dëser Schoul a responsabel fir dëse klenge Grupp. Si gëllen als déi coolsten "Elteren" an et sinn eben och déi coolste Jugendlech, déi bei hinnen am Haus wunnen.
Parallellen zu der Odenwaldschule
Et kënnt een net derlaanscht, direkt un d'Odenwaldschule ze denken. En Internat, dat fir seng Reformpedagogie joerzéngtelaang vill Unerkennung an dann an den 1990er Jore wéinst sexuelle Mëssbrauch vu Schülerinnen a Schüler duerch d'Enseignanten ëffentlech Opmierksam kritt huet.
Goethe-, Humboldt-, Fichtehaus waren d'Nimm vun de Haiser an der Odenwaldschule, hei ass et dann d'Wielandhaus, dat net just fir Wuelbefannen an Alternativpedagogie suergt. D'Koppel Wieland, dat sinn d'Valerie an de Salvador, notze ganz clever a perfid d'Vertrauen an d'Zouwendung vun de Jugendlechen aus fir op hier erotesch Käschten ze kommen.
Bis zum batteren Enn
Et gi keng Menacen ausgeschwat, et gëtt näischt mat Gewalt duerchgesat, den Tilman mécht alles "fräiwëlleg" mat, an och wann hie sech mol onwuel fillt, verdeedegt hien d'Wielands bal bis zum batteren Enn.
Dëst battert Enn kënnt 27 Joer méi spéit. Am zweete Kapitel vum Buch begéint den Tilman seng fréier Schoulkolleeginnen a Kolleegen a virun allem senger deemoleger grousser Léift, der Ella Winter.
Spannend an interessant
Dem Anselm Neft huet hei en immens sensibelt Theema mat ganz vill Empathie a Subtilitéit an Ugrëff geholl, gläichzäiteg ass "Die bessere Geschichte" spannend a virun allem intelligent erzielt. Déi eenzel Figure si ganz plastesch duergestallt, hir Handlunge verrode vill, ouni datt se konstruéiert wierken, an natierlech ass et den Tilman, mat deem de Lieser matgeet, staark Sympathie entwéckelt, fir sech dann awer ëmmer erëm ze distanzéieren.
Eng komplex Perséinlechkeet, en iwwerduerchschnëttlech intelligenten an nodenkleche Jong, dee voller Honger no Wëssen, Léift an Unerkennung an d'Fal vun de responsabelen Erwuessene lues a lues gelackelt gëtt. Dës Entwécklung gëtt ganz nuancéiert duergestallt, mat ville prezisen Undeitungen, déi just eben Undeitunge sinn an alles verroden.
Eng bristant Theematik
Nieft der Handlung sinn et dem Tilman seng Iwwerleeungen, déi eng eminent Roll spillen an déi d'Erklärung fir villes sinn. Den Anselm Neft gräift oft op Literatur zeréck fir déi eenzel Momenter ze ënnermolen, ganz vill och op den Edgar Allen Poe, wat dem Roman nach méi Substanz gëtt. Täter - Affer ginn hei net ëmmer banal getrennt an et gëtt gewisen, wéi dës Rollen och mol kënnen anenee fléissen a vertosch ginn.
E Roman, deen trotz der brisanter Theematik op villen Niveauen iwwerzeegt an trotz senger Komplexitéit eng Liichtegkeet a sech huet, sou datt een net just Betraffenheet verspiert, mee virun allem vun der Villschichtegkeet vun der Erzielung nëmme begeeschtert ka sinn.