Radioen

On air

De Moien  |  Plomm, deen neie Kannermusée

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Der Gohar Sharoyan hir SpärstonnEN

Kommunikatioun am Confinement

Der Gohar Sharoyan hir SpärstonnEN

Heiansdo léiert een an enger Ausstellung net just Kultur a Konscht, mee och Mënsche kennen: d'Kerstin Thalau hat an der Chrëschtvakanz am Escher Expo-Cube Annexe 22 eng Konschtvermëttlerin begéint, déi hir eng komplex Klanginstallatioun op eng buedemstänneg, mee och intelligent a kreativ Manéier erkläert huet. Déi zwee sinn an d'Gespréich komm, an et huet sech erausgestallt, datt déi jonk Fra, d'Armeenierin Gohar Sharoyan, Studentin op der Uni Lëtzebuerg ass a just niewebäi als Mediatrice jobbt. Si huet dem Kerstin Thalau dunn och nach verzielt, wéi si dës Zäit erlieft.

auto_stories

6 min

Kerstin Thalau: Gohar Sharoyan, Dir studéiert op der Uni Lëtzebuerg, sidd gebierteg aus Eriwan. Mir versichen, e Bild vun Armenien aus de leschte Schlagzeilen zesummen ze puzzelen: d'Land war séier zum Corona-Krisegebitt erkläert ginn, den Noutstand gouf esouguer zäitweis ausgeruff. Vun dräi Milliounen Awunner sinn der eng 3.000 um Virus gestuerwen.

Parallel dozou hat et tëschent September an engem Waffestëllstand am Dezember, also kee Couvre-feu, mee e Cessez-le-feu, an der Kriseregioun Bergkarabach nees tëschent Armenien an Aserbaidschan geknuppt; dobäi hunn iwwer 5.600 Mënschen hiert Liewe gelooss. Dir hutt de Confinement am Mäerz zu Lëtzebuerg erlieft: war dat fir Iech eng nei Situatioun?

Et geet jo och ëmmer nees ëm d'Fro a wéiwäit aktuell d'Mënscherechter ageschränkt ginn. Spiert Dir dës Aschränkung, Gohar Sharoyan? Wa jo: physesch, psychesch, oder gesitt Dir d'Mesuren als eng Aart Spillreegelen?

Gohar Sharoyan: Et kéint ee soen "Ech si mäin eegene Chef, ech decidéiere selwer, ob ech erausginn. Wann ech mech da mam Virus infizéieren, sinn ech selwer Schold, well mir de Risk jo bewosst war". Méi schlëmm ass, datt een doduerch eng Kettereaktioun ausléise kann, datt een anerer enger Gefor aussetzt.

Bei der Ausgangsspär handelt sech deemno ëm en Agrëff an eist Liewen, dee justifizéiert ass, well e verhënnert, datt de Virus street. Mee wéi dat konkret ënnerbonne gëtt, wann d'Leit sech no 9 Auer owes doheem aspären, dat verstinn ech net esou richteg, mech huet dat iwwerrascht. Wa mir dat ee méi genee erkläre géif, kéint ech et akzeptéieren, mee am Fong akzeptéieren ech dat elo einfach, well et esou ass.

Dir schafft momentan un Ärer Masterthees zum Thema Kommunikatioun an engem multikulturellen a multilingualem Kontext. D'Basis vun all deem wier jo d'Sprooch. A wéiwäit kënne mir grad nach op déi bauen, verwässert déi net no an no?

An Däitschland gëtt gestridden, op Ausgangssperre oder Ausgangsbeschränkung politesch korrekt ass, d'Spärstonn ka grad esou gutt, a jee no geschichtlechem Kontext als couvre-feu/ closing-time/ fräi Nuecht/ Lockdown verstane ginn. Ass Iech bei all deem de Studium eng Stäip?

Meng Studie sinn a villerlee Hisiicht nëtzlech. Mee loosse mir emol d'Uni op der Säit. Ech hunn zu Lëtzebuerg quasi bäileefeg esouvill Leit vun esouvill verschiddene Plaze begéint. Schonn eleng doduerch hu sech meng kommunikativ a linguistesch Capacitéiten enorm developpéiert, an zwar automatesch, ech hunn dat net emol richteg wouergeholl.

Parallel dozou hunn ech villes matgemaach an erlieft; och dat wierkt sech positiv op d'Erweiderung vum eegene linguisteschen a kommunikativen Horizont aus. Ech muss soen, datt ech hei eng fantastesch Zäit erliewen, andeems ech vun enger Kommunikatioun zu der nächster navigéieren, nei Identitéiten entdecken, mech da mat deene befaassen. Mech interesséieren hir Manéieren ze denken, ech wëll verschidden Opfaassunge verstoen, also d'Mënschen am allgemengen.

Kléngt gutt, mee kléngt et net am Kontext vun "Bleift doheem" direkt ganz anescht?

Effektiv bedeite vill Termen elo eppes Neits. Ech mengen net, datt se u Bedeitung verluer hunn, mee der dobäi gewonnen hunn. Mam Befeel "Bleift doheem" war fréier eppes anescht gemengt. Elo steet et fir "Bleift doheem a rett doduerch Liewen".

D'Changementer concernéieren net just de Vokabulär, ma haaptsächlech och Handlungen. Esou fale vill alldeeglech Beschäftegungen ewell an d'Kategorie "Online-Erfarung". Ech denken, datt dat eis Perceptioun vum Alldag zimmlech op d'Kopp geheie wäert, och eis Kommunikatioun an eise Fonctionnement.

Wa mir vun doheem fortginn, geet et net méi just duer, ze checken, op mir eis Schlësselen an eise Portmonnie hunn, mee och eis Masken. Do sinn op eemol vill méi Medien tëschent eis. Allkéiers wa mir eis an enger neier Situatioun befannen, schénge mir eis mat nach méi Gadgeten equipéieren ze mussen, amplaz eis vu Saachen ze befreien.

Dat hei ass eng wierklech schwéier Zäit fir mech, well ech de Leit hiert Laachen, hir Gesiichtsexpressiounen net am Ganze gesi kann. Fir mech sinn dat wichteg Kommunikatiouns-Outilen. Ech sinn dovunner iwwerzeegt, datt mir eis méi iwwer Mimik austauschen, wéi iwwer Wierder.

Stéchwuert "online experience": Dir sidd 2017 op Lëtzebuerg komm, bedeit Dir waart weder fir d'samette Revolutioun 2018 an Ärer Heemecht, nach fir déi aktuell Krisen?

Déi lescht zwee Méint war ech iwwer d'Hallschent vu mengem Alldag online. Net just well d'Uni zou ass a meng Mastercoursen aktuell iwwer Zoom ofgehale ginn; also net wéinst mengem Liewen zu Lëtzebuerg, mee wéinst mengem Liewen an Armenien.

Ech war an engem Stéck amgaang, Informatiounen ze sichen an ze liesen, hunn awer och selwer Contenu gepost. Esou hunn ech zum Beispill iwwer mäi Facebook-Profil Artikelen an Informatiounen iwwer de Krich gedeelt, iwwer d'Situatioun an der Regioun. Ech hunn am virtuelle Raum gelieft, hat Deeg, wou ech net amstand war, korrekt ze iessen, well ech um Telefon, um Ecran festsouz. Déi nei Medie waren déi eenzeg, déi mech iergendwéi méi no un d'Situatioun erubrénge konnten, vu datt ech net an Armenie reese konnt.

Ech hunn Iech bei Ärem Studentenjob als Konschtvermëttlerin kennegeléiert. Ech hat Iech eng metaphoresch Fro gestallt, déi Dir an hir gräifbar Eenzeldeeler, also a Matière, zerluecht hutt, domat hutt Dir Är perséinlech Positioun zesummegebaut an an de Raum gestallt, fir dann e plausibelen theoreetesche Wee virunzegoen.

Dat huet mech zimmlech beandrockt, wéi Dir Objektivitéit, Subjektivitéit a Kreativitéit zesummebruecht hutt. An ni war de Versteesdemech a Gefor. Hutt Dir d'Gefill, datt mir eis bei Diskussiounen, Äntwerte vill méi Plaz an Zäit loosse missten?

E Message eriwwerbrénge bedeit heiansdo, verschidden Aspekter vum Liewen ze beréieren: de materiellen, de spirituellen, d'Kombinatioun vun deenen zwee. De Studium vu Sproochen a Kulturen ass net just dorop limitéiert. Du muss doriwwer erausgoen. Kultur a Sprooch huele vill vill Plaz an eisem Liewen an. Wann ech also versichen, eng Konschtinstallatioun ze vermëttelen, da ginn d'Sprooch, konschtgeschichtlech Bezeechnungen, net duer.

Et kann een och abstrakt Begrëffer erbäizéien a mat Gesten, mam Kierper kommunizéieren. Et gi vill Méiglechkeeten, fir um Enn de Message sécher eriwwerzebréngen. Natierlech weess een net, wat ee beim Empfänger ausléist. Ech kann eppes soen, wat deen net esou versteet, wéi ech et gemengt hunn. Well en eng aner Siichtweis, Wäerter huet, e Saz anescht deit. Dowéinst ass dat eng ganz dynamesch Interaktioun, bei där et kee richteg oder falsch gëtt.

Spärstonn am Sënn vu Closing-Time; Feierowend op Lëtzebuergesch: Éier mir elo hei Feierowend maachen, Gohar Sharoyan, denkt Dir bei deem Term un eng Nuecht, an där et brennt, oder un eng Party zu spéider Stonn?

Spontan un e Fest, eng Feier, sech zesumme mat anere Mënschen ameséieren, mee dat ass jo momentan leider net méiglech.