Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Richard Swift - Broken Finger Blues

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Romain Urhausen zu Arles

LëtzArles

De Romain Urhausen zu Arles

D'Recontres de la photographie zu Arles a Süd-Frankräich sinn de wichtegste Rendezvous  fir d'Fotografie weltwäit. Dëst Joer huet déi Lëtzebuerger ASBL LëtzArles eng vun den Haaptausstellunge gestallt. De Romain Urhausen zielt zu de wichtege Kënschtler vu Lëtzebuerg, an dowéinst huet sech en internationale Jury virun dräi Joer fir eng Retrospektiv vum gebiertege Rëmelenger Fotograf entscheet. De Romain Urhausen ass zejoert verstuerwen, den Hommage fir d'Organisateure war dann och deementspriechend emotionell war.

auto_stories

6 min

Leit sti Schlaang fir de Romain Urhausen. De Site vun der Expositioun ass eng vun de prächtegste vum Festival: den Espace Van Gogh ass e fréiert Spidol aus dem 16. Joerhonnert, wou den Impressionist Vincent Van Gogh selwer hospitaliséiert war.

Vun hei aus bléckt een op de Bannenhaff, Lavendel, Lilien, an der Mëtt gluckert e Sprangbuer.

De Romain Urhausen: Eng Valeur sûre

D'Ausstellung huet grousse Succès. De Curateur vun der Expo ass de Paul de Felice, e fréiere Kolleeg vum Escher Fotograf, bereit, datt de Romain Urhausen seng Ausstellung net selwer materliewe kann.

"Ech hat wierklech gäre gehat, de Romain hätt d'Ausstellung gesinn. Dee war esou frou, wou mir dat annoncéiert hunn, datt hien hei géif ausstellen. Bon 't ass eben sou, d'Liewen."

D'Expositioun Romain Urhausen en son temps hätt eigentlech lëscht Joer solle stattfannen. Do huet d'Pandemie e Stréch duerch d'Rechnung gezunn: d'Ausstellung gouf ob e Joer verréckelt. Den 90-Joer ale Kënschtler ass tëschenzäitlech u Kriibs verstuerwen.

De Paul de Felice, Curateur vun der Expo. Foto: Léonardo Kahn

Och wann seng Absence dem Paul de Felice schwéier fält, freet hie sech ëmsou méi iwwer de Retour vun de Visiteuren:

"Dat do ass immens gutt, vu wiem ass dat dann?" an dann hu se gelies "Urhausen, wien ass dat?" Also do muss ee scho soen, déi Fotoe vum Romain si ganz staark, datt hätt jo elo och kënne schif goen.

Dobäi ass de Romain Urhausen eng Valeur sûre. Säin Talent als Fotograf huet hien nämlech och am Ausland ënner Beweis gestallt. An de 50er a 60er Joren huet den Escher zu Paräis an zu Saarbrécken an der École des Arts et Metiers studéiert.

A Frankräich huet hie sech eng humanistesch Approche uneegent, déi een zum Beispill a senger Paräisser Stroossefotografie erkennt. An Däitschland huet hien uschléissend beim Otto Steinert d'subjektiv Fotografie entdeckt a weiderentwéckelt.

De Christophe Wiesner. Foto: Léonardo Kahn

D'Ausstellung zu Arles bréngt déi däitsch-franséisch Zwispältegkeet zum Virschäin. Dat weess den Direkter vun de Rencontres zu Arles Christoph Wiesner ze schätzen.

De gebiertegen Däitschen ass a Frankräich opgewuess an ass um Marché e Bréckebauer fir Konscht aus dem Outre-Rhin. De Christoph Wiesner géif sech am Romain Urhausen senger Biografie rëm erkennen: "Peut-être que je m'y retrouve aussi un peu, toute à fait."

Den Direkter vum Fotografie-Festival huet als Member vun der LëtzArles Jury selwer fir de Romain Urhausen gestëmmt:

"J'étais dans le jury en 2019 quand on a choisi le projet de Romain Urhausen, mais l'idée était aussi de mettre en valeur un photographe historique pour le Luxembourg, mais qui n'était pas connu ou peu connu en France."

Arles: Méi Frae wéi Männer ausgestallt

Fir déi Rescht vum Festival huet de Christophe Wiesner allerdéngs en anere Choix getraff: méi zäitgenëssesch, méi international, méi weiblech. Fir déi éischte Kéier sinn dëst Joer zu Arles méi Frae wéi Männer ausgestallt. Fir de Festivals Direkter eng Evidenz.

"Ce que j'espère, c'est que ça deviendra quelque chose de naturelle, parce qu'au départ quand j'ai fait la programmation, j'ai pas compté le nombre de femmes et d'hommes que je mettais dedans. Ce que je veux, c'est que ce qu'on montre, que ce soient des travaux intéressants. Parce qu'à la fin ce qui est intéressant, c'est que l'œuvre qu'on présente aie quelque chose de fort pour tout le monde - que ça soit un homme ou une femme."

D'Rencontres zu Arles iwwerzeegen dëst Joer mat enger feministescher Nout. Virun allem d'Ausstellungen iwwer d'Avantgarde féministe an iwwer d'Krichsfotografin Lee Miller zielen zu den Expositions-Pharë vum Festival.

Fir de Rescht konzentréiere sech d'Rencontres dëst Joer op dokumentär oder zäitgenëssesch Fotografie. D'Retrospektiv iwwert de Romain Urhausen fält hei aus dem Konzept.

Dobäi huet LëtzArles déi lescht Jore contemporain Kënschtler a Süd-Frankräich geschéckt. D'Konschtausstellung wier och dozou do, d'Ancêtren ze würdegen, mengt d'Danièle Igniti, Member vu Lëtz Arles.

"Do muss een en Equiliber fannen. Et ass och ganz wichteg vu senger Vergaangenheet ze schwätzen an och deene Leit, déi haut um Tour sinn, ze soen, datt et virun hinnen eppes ginn ass, an datt do scho Leit geschafft hunn an den Terrain e bëssi virbereet hunn. Also ech mengen, datt den Exercice wichteg ass, interessant ass. Mee gläichzäiteg freeën ech mech awer och rëm op d'nächst Joer, wann nees zäitgenëssesch Kënschtler hei hinner kommen."

Vu datt d'Rencontres zu Arles de wichtegste Fotografie Treffpunkt weltwäit ass, huet Lëtz Arles enormen Afloss: Wien zu Arles ausstellen dierf, deem stinn duerno op der internationaler Bün d'Diere wäit op.

D'Kulturministesch Sam Tanson zu Arles. Foto: Léonardo Kahn

Ass et net schued, wann een dëst Vitrinn engem etabléierten a zanter Joerzéngten inaktive Kënschtler wéi de Romain Urhausen iwwerléisst? D'Kulturministesch Sam Tanson streit dat vehement of.

"Dat heite weist einfach, datt hien absolut seng Plaz an der internationaler Fotosgeschicht huet an do gëtt et menger Meenung keen Argument dogéint."

Eng minutiéis Ëmsetzung

Well d'Rencontres zu Arles sinn eben net nëmmen eng Vitrinn fir d'Fotografin oder de Fotograf, mee och fir d'Lëtzebuerger Konschtzeen allgemeng.

D'Associatioun Lëtz Arles gëtt vum Kulturministère finanzéiert, an dowéinst soll Lëtzebuerg zu Arles och vun hirer beschter Säit gewise ginn. D'Ministesch Sam Tanson ass vun der Expositioun "Romain Urhausen en son temps" begeeschtert.

"Dat huet elo natierlech Lëtzebuerg nach eng ganz aner Visibilitéit gi well mir elo dëst Kéier wierklech opgeholl sinn an engem Lieu Phare vun de Rencontere wat de Positionnement vu Lëtzebuerg op der Kulturkaart nach eng Kéier accentuéiert."

Lëtz Arles huet dëst Joer bewisen, datt si an de Rencontres eng vun den Haaptexpositioune stelle kënnen. Kaum eng Ausstellung gouf méi minutiéis ëmgesat wéi déi aus Lëtzebuerg, wat och der generéiser finanzieller Sprëtz vum Kulturministère ze verdanken ass.

D'Kulturministesch Sam Tanson zu Arles. Foto: Léonardo Kahn

Ma och wann dem Curateur Paul de Felice d'Retrospektiv gelongen ass, sou gëtt d'Ausstellungen trotzdeem dem haitegen Zäitgeescht net gerecht. Romain Urhausen en son temps et uniquement en son temps.

Visiteuren ouni besonnesch Virléift fir d'Subjektiv-Fotografie oder Bezuch ze Lëtzebuerg kenne mat der Ausstellung wéineg ufänken. De Romain Urhausen gëtt zu Arles héich-karäteg gewierdegt, d'nächst Joer gëtt et nees Zäit fir eng contemporaine Fotografin aus Lëtzebuerg.

D'Expositioun Romain Urhausen en son temps kënnt dir bis de 25. September zu Arles am Espace Van Gogh besichen.