Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Joesef - Just Come Home With Me Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fotoausstellung am Märeler Park

Konscht: Romain Urhausen

Fotoausstellung am Märeler Park

An enger gudder Woch ass et d'Ouverture vun de "Rencontres de la photo d'Arles". Déi lescht Joren huet d'ASBL Lët'z Arles um renomméierte Foto-Festival a Südfrankräich éischter déi aktuell Lëtzebuerger Fotokonscht presentéiert, bis September 2022 wäert et awer en Hommage un de Romain Urhausen ginn. Dem Fotograf säi Wierk erlieft zanter den 2000er Joren eng Redecouverte. 16 vu senge Fotoen, a schwaarzwäiss an am grousse Format, si momentan och op dräi Plaze vum Märeler Park ze gesinn.

auto_stories

3 min

De Romain Urhausen gouf 1930 zu Rëmeleng gebuer an ass leider am Juli 2021 mat 90 Joer gestuerwen - also ee Joer, éier seng grouss Ausstellung zu Arles opgaangen ass. Ufanks den 1950eger huet de Romain Urhausen zu Paräis an zu Saarbrécken Konscht studéiert. Duerno huet hien eng Zäit zu Paräis an och zu Dortmund gelieft, ë.a. als Fotoenseignant op der Héichschoul.

Béid Stréimungen, déi humanistesch Fotografie aus Frankräich an déi subjektiv Schoul aus Däitschland hu sech a senge schwaarzwäisse Fotoen op eng heefeg humoristesch an experimentell Manéier vermëscht. Dat war nei an anescht fir de Grand-Duché. Dozou sot de Curateur fir Arles, de Paul di Felice:

"Hien huet ëmmer versicht och eppes Neies ze maachen, eppes Neies ze lancéieren an ech mengen et waren déi Defien déi hien ëmmer interesséiert hunn. An dat war och een Defi fir op Lëtzebuerg ze kommen an dann eng aner Fotografie ze maachen an de 50er Joren."

Méi wéi just Fotografie

Glécklecherweis war de Romain Urhausen ee Mënsch deen Defie gebraucht huet. Tëschent 1950 an 1970 war hien an der Fotografie op der Sënn- a Formsich: Hien huet sech mam kreative Potential vun der Technik ausgetoobt, opfälleg Detailer a besonnesch Charaktere kontrasträich ofgeliicht, an ass dacks mat senge radikale Bildausschnëtter iwwer déi eigentlech Sujeten erausgaangen.

Esou ass hien och emol iwwert d'Fotografie erausgaangen, erkläert de Paul di Felice:

"Hien huet eng Publicitéitsfirma gemaach gehat, hien huet Filmer gemaach, hie war Architekt, Designer, Zeechner, hien huet Bijouen entwéckelt - hie war wierklech ganz villsäiteg - dat war net ëmmer einfach. [...] hien ass jo och bëssen do vergiess ginn als Fotograf zu Lëtzebuerg, well hien och villäicht net méi sou vill Fotoe gemaach huet a ganz vill aner Saache gemaach huet, an da villäicht méi bekannt war als Architekt oder als Designer."

Fir d'Ausstellung zu Arles huet de Paul Di Felice 100 Fotoe vum Romain Urhausen a sechs Kapitel ënnerdeelt. Hie presentéiert dës am Dialog mat 45 Opname vun och international bekannte Kënschtler déi Contemporainen vum Lëtzebuerger Fotograf waren.

Zäitlos Fotoen an dräi Kapitelen zu Märel

Déi dräi Kapitelen am Märeler Park sinn op dräi Theme baséiert: d'Stad Lëtzebuerg, Portraiten (ënnert anerem vum Edward Steichen an en Autoportrait), an Experimenter op Negativ. Dëst ass en interessanten Hors d'oeuvre fir den "Haaptplat" a Südfrankräich.

Fotoe vum Romain Urhausen am Märeler Park. Foto: Ville de Luxembourg

Duerch de Montage am Park schwiewen d'Fotoen iergendwéi tëscht de Beem a Spillplazen duerch Zäit a Raum... An dat passt: well dem Romain Urhausen seng Fotografie och trotz allem zäitlos ass.

De Paul di Felice beschreift dem Romain Urhausen seng Fotografie och als intemporel well hien net un der Aktualitéit u sech interesséiert war, mee seng Fotoen doriwwer eraus ginn an all Moment och anescht kënnen interpretéiert ginn.