Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Gewënner vum Servais-Präis 2020

"Die Mutationen"

De Gewënner vum Servais-Präis 2020

Francis Kirps heescht de Gewënner vum Servais-Präis 2020. Die Mutationen, eng Sammlung vu siwe Geschichten an engem Gedicht ass bei Editions Hydre erauskomm. A sengem ausgezeechente Wierk metamorphoséiert de Francis Kirps Literatur vu vergaangenen, bekannte Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller. Entweder vertauscht hien d'Rollen, erzielt d'Geschichte weider, setzt d'Erzielungen aus vergaangene Joerhonnerten an d'Géigewaart. D'Valerija Berdi huet mat der Presidentin vum Jury, der Jeanne Glesener an natierlech och mat ausgezeechenten Auteur geschwat.

auto_stories

4 min

De Francis Kirps war Freides scho gewuer ginn, datt hien de Prix Servais gewonnen huet:

"Et war déi éischte Kéier zanter dem Confinent, datt ech op enger Terrass war, an do huet mäin Handy geschellt an ech hu mat allem gerechent, awer net, datt ee mer do op der Biederplaz telefonéiert fir mer ze soen, datt ech de Prix Servais gewonnen hunn, woumat ech och net wierklech gerechent hat."

Niewent him wieren och aner bekannt Nimm nominéiert gewiescht, mee "ech freeë mech immens an ech hat elo e puer Deeg fir dat bësselche sacken ze loossen. Alt erëm."

Alt erëm. Kierzlech koum d'Noriicht, datt de Francis Kirps Laureat vum europäesche Literaturpräis ass. All Joer zeechent d'Europäesch Unioun zwielef Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller aus ganz Europa aus fir europäesch Fiktiounsliteratur ze promovéieren. "Die Mutationen" konnt also och den internationale Jury iwwerzeegen.

"Et ass virun allem flott, well mer elo dräi Méint verluer hunn, wou mer net konnte mat deem Buch Optrëtter maachen a soss Promotioun, dat heescht, wann déi Präisser net komm wieren, da wier de Summer komm, an da wier dat e bësse versackt. Sou si mer am Gespréich. Et ass wichteg, datt e Buch ënner Leit kënnt an datt driwwer geschwat gëtt. Dat ass jo och den Zweck vun esou engem Präis natierlech."

Grouss Nimm

Kurt Tucholsky, Virginia Woolf, Prosper Mérimée, Heinrich von Kleist, Ingeborg Bachmann, Franz Kafka: queesch duerch Zäit a Raum vun der europäescher Literatur huet de Francis Kirps sech fir seng Texter inspiréiere gelooss.

"An ech hunn am Fong geholl ëmmer déi Texter als Startpunkt geholl fir en neien Text ze schreiwen. Et sinn also keng Parodien, obwuel wie meng aner Bicher kennt, dee weess, datt et e bëssen humoristesch a satiresch zougeet. Ech hu probéiert bei all Text eng aner Approche ze maachen, et sinn och Klassiker, wou ech probéiert hat, Dürrenmatt - der Tunnel, dat war näischt ginn, dofir hu mer deen net era geholl."

De Francis Kirps huet iwwerzeegt

Eng gewoten Entreprise, déi op villen Niveauen de Jury vum Servais-Präis iwwerzeege konnt. D'Jeanne Glesener, Presidentin vum Jury, huet virun allem déi intertextuell Verflechtung beandrockt:

"Dat heescht, wéi hin wierklech vun de Geschichten ausgaangen ass, fir se dann ëmzeschreiwen a fir dann eppes ganz Eegenes doraus ze maachen. Ganz nei Geschichten, déi awer de Stempel vum Francis Kirps sengem individuelle kreative Stil oder Schafen och droen. Dat ass déi eng Saach firwat mer eis gefreet hunn, dat ze liesen, déi Originalitéit ze gesinn an dann awer och anerersäits déi Themen, déi de Francis Kirps a senge Geschichten och uschneit, sief dat eben Ausbeutung, Herrschaftsstrukturen, Medien, Erzéiung, Sprooch, alles dat kënnt zum Droen an deene Geschichten an awer dann a sengem onkonventionelle Stil."

E weidere Punkt, deen de Jury begeeschtert huet, ass dem Kirps seng Aart a Weis, d'Ausenanersetzung mat der Literatur a mam Schafe vun anerer Auteuren ze féieren.

Lambert Schlechter, Claudine Muno, Jean Portante an de Pit Hoerold waren mat hire rezente Wierker weider Favoritte fir de Servais-Präis 2020. Grouss Nimm an der Lëtzebuerger Literatur, keen esou einfache Choix fir de Jury, seet d'Jeanne Glesener:

"Als Member vum Jury freeën ech mech ëmmer immens op déi lescht Reunioun, well dat ass da wou mer just fënnef Bicher ze diskutéieren hunn. Mir kënnen dat dann och wierklech am Fong maachen. Bicher géintenee vergläichen, wou läit d'Stäerkt vun dem engen, wou ass awer d'Originalitéit méi grouss bei dem aneren. De Choix war engersäits net onbedéngt einfach a finalement awer herno fir de Francis Kirps evident an unanim. Do ass wierklech eppes Neies gemaach ginn. Déi Ausenanersetzung mat den Texter aus der Weltliteratur a wéi de Kirps dat dann op seng eegen Aart a Weis mécht, sech déi Texter uneegent a perséinlech Geschichten doraus mécht, dat huet eis einfach iwwerzeegt!"