"As Tears Go By" war hire grousse Succès am Joer 1965. Do war si selwer grad mol 20 Joer al. Hire Bekanntheetsgrad war och geklommen duerch hir Bezéiung mam Mick Jagger vun de Rolling Stones. Hien a säi Gittarist Keith Richards hunn iwweregens eng Partie Lidder fir d'Marianne Faithfull geschriwwen.
Als Muse vun de Rolling Stones ass si dacks beschriwwe ginn. Eppes wat si 2021 awer am Guardian als "schrecklech" beschriwwen huet. "Kennt Dir eigentlech eng männlech Muse?" Huet si de Journalist gefrot. "Nee, oder?" Huet si selwer geäntwert.
21 Albumen opgeholl
D'Liewe vu Rockstars an de 60er war bekanntlech net ëmmer ganz erhuelsam. D'Marianne Faithfull ass an d'Droge gefall, war am Prisong an huet och zwee Joer op der Strooss gelieft. Si ass awer hiert ganz Liewen der Konscht erhale bliwwen.
21 Albumen huet si am Ganzen opgeholl. An der Lescht hat si vill gesondheetlech Problemer. Eng schwéier Covid-Infektioun mat Openthalt an der Klinik hat si net gutt verkraaft. Duerno huet si och u Long-Covid gelidden. De Mick Jagger huet op de soziale Medien iwweregens ganz geréiert reagéiert an och Fotoen aus alen Zäite gepost.