Radioen

On air

Tockcity  |  Skunk Anansie - An Artist Is An Artist

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Intern Onstëmmegkeeten am Mudam

Demissioun vum Verwaltungsrotpresident

Intern Onstëmmegkeeten am Mudam

Am Mudam goufen et zënter Méint Problemer tëschent der Directrice Bettina Steinbrugge an dem Patrick Majerus, deen elo als President vum Verwaltungsrot demissionéiert huet. Dat schreift d‘Lëtzebuerger Land. Déi Demissioun war e Mëttwoch bekannt ginn, ouni datt Grënn genannt goufen.

auto_stories

1 min

Et géifen ënnerschiddlech Interpretatioune ginn, wie Schold un de Problemer ass, schreift d‘Land.

Déi eng géife fannen, de Verwaltungsrot wier ze interventionistesch gewiescht. Anerer géifen de Management vun der Directrice kritiséieren. Déi Stëmme soen, d‘Bettina Steinbrugge hätt keng kloer Visioun a géif dacks hir Meenung änneren, an hätt eng Attitüd vu Reprochen. 

D‘Land schreift, datt d‘Ressources humaines, d‘Personaldelegatioun an de Verwaltungsrot zënter engem Joer Bescheed wéissten. Et wier eng Etüd iwwer d‘Problemer bei engem Berodercabinet bestallt ginn, déi d‘Rolle méi kloer soll klären.