Am Laf vun der Geschicht hunn eng ganz Partie Géigestänn déi feministesch Kämpf (fir gläich Rechter, fir d'Selbstbestëmmung, asw.) symboliséiert. Déi franséisch Historikerin Mathilde Larrère huet op eng grad esou informativ ewéi witzeg Manéier eng Lëscht vun dësen Objeten zesumme gestallt.
Hiert Spezialgebitt sinn déi revolutionär Kämpf an de "maintien de l'ordre" am 19. Joerhonnert. Och wann d'Autoritéiten deemools bäi wäitem méi brutal agegraff haten, gesäit d'Mathilde Larrère d'Repressioun vun den aktuelle Manifestatioune géint d'Rentereform a Frankräich ganz kritesch.
Op der rezenter Foire du livre zu Bréissel hu mer eis mat der politesch engagéierter Historikerin ënnerhalen. D'Mathilde Larrère schwätzt ënnert anerem iwwer d'Bedeitung vum Bigel, vun der geschriwwener Press oder nach der Couillotine am Feminismus, mee och iwwer déi repressiv Äntwert vum franséische Staat op Anti-Rentereform-Manifestatiounen.