Radioen

On air

Al Schanken  |  Janis Joplin - Work Me, Lord

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Verkierperung vun der polnescher Schizophrenie

Netflix

D'Verkierperung vun der polnescher Schizophrenie

Verbreedung vu Fake news an Haass-Messagen an enger gespléckter Gesellschaft: "The Hater" vum polnesche Realisateur Jan Komasa ass eng implacabel Bestandsopnam vum politesche Klima a Polen.

auto_stories

4 min

Den Tomas (Maciej Musiałowski), en Droitsstudent, dee vum Land kënnt, flitt wéinst Plagiat vu senger Warschauer Uni. Säi Frust gëtt ëmsou méi grouss wéi hie matkritt, wat déi bourgeoise Famill, vun där hie finanziell ënnerstëtzt ginn ass, wierklech vun him hält. Wéi dann och där hir Duechter, an dat den Tomas verléift ass, him déi kal Schëller weist, wëllt de jonke Mann sech rächen.

Do trëfft et sech gutt, datt d'Internet-Marketingagence, fir déi hien jobbt, eng Schmotzkampagne géint e liberale pro-EU-Politiker bedreift, deen der Famill nosteet.

E jonke Mann op sengem Wee zum Kriminellen

Mat sengem viregte Film ''Corpus Christi'', ee vun den Héichpunkte vum leschte CinEast-Festival, hat de polnesche Realisateur Jan Komasa säin Talent ënner Beweis gestallt. D'Geschicht vun engem jonken Delinquent, dee sech an d'Roll vun engem Paschtouer eraschläicht, war e staarke Film iwwer d'Redemptioun.

Och a sengem leschte Wierk ''The Hater'', deen elo op Netflix ze gesinn ass, setzt de Komasa en änleche jonke Mann an Zeen, deen och gär aner Rolle spillt, allerdéngs e puer Etappe méi fréi an der Entwécklung stécht: den Tomas ass eréischt um Wee, fir e Kriminellen ze ginn.

Knaschtegt Spill an der virtueller Welt

Den Tomas steigert sech ëmmer méi a mat grousser Kalbliddegkeet a säi revanchistesche Plang eran, an deen hien all seng Kompetenzen a seng ganz Energie investéiert. Seng Motivatioun fält op e fruchtbare Buedem: Déi Responsabel vu senger Marketing-Agence kenne selwer keng Skrupel, produzéieren an diffuséieren op de soziale Medie Fake News a vun Haass erfëllte Messagen, fir de Konkurrente vun hire Clienten ze schueden, sief et an der Wirtschaft, sief et an der Politik.

De Film weist gutt, wéi dat knaschtegt Spill séier ausser Kontroll geréit, a wéi Manipulatiounen an der virtueller Welt séier zu dramatesche Konsequenzen an der reeller kënne féieren.

Dräi Wochen nom Enn vum Tournage war an der polnescher Stad Gdansk de liberale Buergermeeschter erstach ginn, e Mord, deem vill Haass-Attacken an de sozialen Netzwierker virausgaange waren - méi no um Puls vun der Realitéit konnt de Film kaum dru sinn.

Bestandsopnam vun engem gespléckte Land

''The Hater'' ass eng implacabel Bestandsopnam vum politesche Klima a Polen, wou déi rietsnational Regierungspartei PiS zanter Joren elo de liberale Kader aushielegt zugonschte vun engem méi autoritäre Staat. De Film beléisst et awer net beim Constat vun enger duerch friemen- an homosexuellefeindlechen Discourse vergëftener Atmosphär.

De Malaise gëtt méi déif diagnostizéiert, nämlech an der fundamentaler Zerspléckung vun der polnescher Gesellschaft. A Polen gëtt et e Gruef tëschent engersäits de liberalen, gebilten a finanziell privilegiéierte soziale Schichten an de Stied, anerersäits der ländlecher, traditionelle Wäerter verbonnener a vernoléissegter Populatioun, déi um elektorale Plang d'Majoritéit duerstellt.

Sou kritt den Tomas am Ufank vum Film déi sozial Veruechtung vun der bourgeoiser Famill ze spieren. Et ass déi Kränkung, déi säi Frust alimentéiert a seng Motivatioun, fir zeréck ze schloen. Mee den Tomas gëtt net eesäiteg als Affer duergestallt. En huet sech selwer villes virzewerfen : hie plagiéiert seng Unis-Aarbecht, verstéisst géint aneren hir Privatsphär andeems e si diskret oflauschtere léisst, a schreckt och net virun allméigleche kriminellen Doten of.

En Anti-Held, e Monster

Dësen Anti-Held schéngt ze synthetiséiere wat a Polen schif leeft. Am beschte gräifbar mécht dat eng hektesch montéiert Zeen, an där hien op Facebook eng verbal Ausernanersetzung tëschent zwee politesch entgéint gesate Campen inzenéiert, e schizophrenen Exercice, deen hien un de Bord vun der emotionaler Implosioun bréngt.

Anescht ewéi bei ''Corpus Christi'' gëtt et um Enn vun ''The Hater'' keng Redemptioun. De Spectateur gëtt mat enger Zort kalem Monster konfrontéiert, deem säi bleecht Gesiicht weider keng Emotioune verréit ewéi eng ganz liicht süffisant Grimass. Et ass, sou de Message vum Film, d'Resultat vun enger ganz ongesonder gesellschaftlecher Entwécklung, déi een als kloer Warnung muss verstoen.

De Jan Komasa huet et jiddefalls fäerdeg bruecht, e weidere beandrockenden an intensive Film ze dréinen. Et däerf ee gespaant sinn op seng nächst Aarbechten.