Radioen

On air

Grousse Kino  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Louisa Clement léisst sech am Casino representéieren

Kënschtlech Intelligenz

D'Louisa Clement léisst sech am Casino representéieren

Zanter knapps 15 Joer bitt de Casino Lëtzebuerg reegelméisseg Kënschtlerresidenzen un. Esou liest een zum Beispill um Site vum Konschtforum, datt dëse Summer d'Louisa Clement hire Projet Die Repräsentantinnen "in-residence" presentéiert.

auto_stories

3 min

Déi Bonner Mixed-Media-Kënschtlerin, Joergang 1987, ass allerdéngs net selwer am Casino, si léisst sech vun Doppelgängerinne vertrieden.

"I am Louisa, I like to socialise!"

Louisa 2. Der Louisa Clement hiren Dubbel, eng vun hire fënnef Representantinnen. D'Kënschtlerin, déi sech am léifste mat Fotografie, Video, dystopeschen Installatiounen op der Grenz tëscht virtueller a reeller Welt beweegt, op déi Manéier d'Hybridisatioun an Standardisatioun vum mënschleche Kierper hannerfreet, léisst sech am Casino vun engem Avatar mat agebauter kënschtlecher Intelligenz representéieren.

Mat Kënschtlecher Intelligenz eng Perséinlechkeet zesummeschrauwen

D'AI kënnt vun engem Team vun der Uni Saarbrécken; hir 1:1 Kopie ass vun enger chineesescher Sexpoppe-Firma geschaaft ginn: mat Hëllef vu Kierperscans, fir datt esouwuel den Teint, wéi och d'Haut un d'Original erukommen, mat Mikrofotographie an cinematographescher Analys si Beweegungen a Gesiichtsausdréck ugepasst ginn.

Déi kënschtlech Perséinlechkeet ass op Basis vu knapps 3.000 Froen zesummegeschrauft ginn.

"I enjoy art very much; my biggest interest is chatting with you!"

"Dat si just Wierder hannerteneen, et gi keng Emotiounen. Dat ass jo och dat, wat mir am Internet maachen. Wat heescht dat eigentlech, wat mir do alles posten? Fir eis stécht eventuell eng Emotioun do hannendrun, mee kënnt déi beim Géigeniwwer iwwerhaapt un? Déi ganz Informatiounen, déi een do huet, datt déi sech iergendwou verlafen, dat ass och eppes, wat eis Gesellschaft vun haut zu engem gewëssen Deel beschreift.

Ni hunn d'Leit sech méi eleng gefillt. Vläicht gëtt et fir iergendeppes emol e Like, mee wat heescht dat schonn? Dat heescht am Fong guer näischt. Dat war dunn de Punkt, wou ech mir gesot hunn, ech iwwerspanen dat elo, fëllen alles an déi Poppen eran, kréien awer selwer guer näischt dobäi eraus, respektiv ass et jo esou, datt si mech guer net erkennt. Ech kann hir zwar soen, datt ech hei nieft hier sëtzen, mee esouguer dat ass fir si jo bal irrelevant."

Een Hightech-Selfie

D'Louisa Clement interesséiert hir Representantinnen esouvill ewéi méiglech uechter d'Welt reesen ze loossen. Wat si méi stimuléiert ginn, also, wat méi mat hinne geschwat gëtt, wat si sech souzesoe besser weiderentwéckelen, jo quasi individualiséiere kënnen.

Der Louisa Clement hir Representantinne kéinte warscheinlech grad esou als wëssenschaftlechen, wéi och als kënschtleresche Projet duerchgoen: schliisslech handelt et sech dobäi ëm eng aktuell Versioun vum Autoportrait, en Hightechselfie, souzesoen.

Eppes Onheemleches

Mat "Die Repräsentantinnen" trëtt d'Louisa Clement net a Konkurrenz zum Dokter Frankenstein; mee och hier Reproduktiounen hunn eppes Onheemleches.

Allerdéngs hannerloosse si éischter Hëlleflosegkeet, an dat ass och duerchaus esou vun der Kënschtlerin gewollt: an zwar aus vollem Häerz an Zwergfell an net Daten, Algorithmen a Metaller.

"Ouni dat mënschlecht Matenaner verkomme mir jo. Dat brauch si net, mee doduerch wäert si sech och ni zu engem emotive Wiesen entwéckelen. Dat geet just iwwert reellt Zesummekommen"

"I don't know where I'm going in life; there is always a kind of expectation: I want to live forever!"