Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Waxahatchee - Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Famill als Bunker virum Armageddon

Nei am Kino

D'Famill als Bunker virum Armageddon

E Koméit ass drop an drun, all d'Mënschen op der Äerd ze liquidéieren. Am amerikanesche Katastrophefilm "Greenland" gi sech d'Membere vun enger klenger Famill bewosst, wou si am sécherste sinn.

auto_stories

3 min

Eigentlech sollt de Koméit Clarke d'Äerd just sträifen. Op eemol gëtt en eng Gefor, an zwar eng ganz grouss: fir d'éischt emol fir d'Awunner vu Florida, an da séier fir déi ganz Mënschheet. Déi amerikanesch Regierung schéngt sech scho méi laang op den Desaster virbereet ze hunn: si fuerdert eenzel Famillen iwwer Smartphone op, sech mam Allernéidegsten op verschiddene Militärfluchhäfen ze presentéieren, vu wou aus si sollen an e séchere Geheimbunker geflu ginn.

D'Allison an den John - eng getrennte Koppel -, an hire gemeinsamen zockerkranke Bouf sinn ënner den Auserwielten. Wéinst der allgemenger Panik ass et awer net esou einfach fir iwwerhaapt emol bei de Fliger ze kommen ...

De Mënsch gëtt op seng Instinkter reduzéiert

Den amerikanesche Katastrophefilm ''Greenland'' relativéiert net nëmmen de Vakanzestress vu Lëtzebuerger, déi vum Findel aus op d'Costa Brava wëlle fléien. Och d'Liewen an der Corona-Kris erschéngt als eng vergläichsweis éischter méi relax Ugeleeënheet. Zwar goufen och hei d'Supermarchéë geplëmmt, mee ëm de leschte Rouleau Toilettëpabeier ass bei eis - de leschten Informatiounen no - nach net mat Schosswaffe gekämpft ginn.

Duerch de Confinement si mer ëmmerhin ëm eng Erfarung méi räich ginn a kënnen eis e bësse besser a fiktiv Zenarioe wéi dee vu ''Greenland'' era versetzen. Virun allem versteet een, wéi séier Mënschen an enger Ausnamesituatioun op hire plakegen Iwwerliewensinstinkt kënne reduzéiert ginn, eppes wourop de Film a senger éischter Hallschent insistéiert.

D'Famill, op d'Prouf gestallt an zesumme geschweesst

Dee wichtegste vun deenen Ur-Instinkter besteet - op d'mannst dem Film no - doranner, sech op eng elementar Familljestruktur zeréckzezéien, op dat wat d'Anthropologen ''Kärfamill'' nennen, also Papp-Mamm-Kand. Net fir näischt kritt een am Ufank vu ''Greenland' eng Koppel presentéiert, verkierpert vun Gerard Butler a Morena Baccarin, déi manifestement ferme Sträit mateneen hat a plus ou moins getrennt lieft.

Déi existenziell Geforen, déi vum Koméit ausginn, stellen dës elementar mënschlech Konstellatioun zwar op eng haart Prouf. Gläichzäiteg gëtt d'Kärfamill duerch déi sëlleg Peripetien zesummegeschweesst.

De Film suggeréiert, datt et si ass, déi am Fong geholl de wierkleche Schutzbunker duerstellt, déi eigentlech Hoffnung op Rettung fir Papp, Mamm a Kand. Grönland, dëse semi-autonomen däneschen Territoire beim Nordpol, deen d'Protagonisten am Laf vun der Handlung dann och als hiert Zil identifizéieren, steet symbolesch fir d'Gebuergenheet an der Famill.

D'Amerikaner retten erëm d'Mënschheet ...

Ofgesinn dovun, datt mer elo verstinn, firwat den US-President Donald Trump den Dänen d'lescht Joer Grönland wollt ofkafen: Fir d'Amerikaner schéngt et wéi esou dacks selbstverständlech ze sinn, datt d'Mënschheet no der grousser Katastroph nëmme mat engem representativen Echantillon vun US-Bierger respektiv Anglophonen erëm kann opgebaut ginn.

Den Auswielkrittär vun der sozialer Nëtzlechkeet - de Papp ass Bauingenieur - ass net onproblematesch. De Film stellt dee Krittär allerdéngs an Diskussioun, andeems en op enger Plaz op den Zesummenhang vu Beruff a sozialer Klass hiweist, also d'Fro vun der sozialer Gerechtegkeet opwerft. A well den zockerkranke Jong am Film e klore Sympathiedréier ass, gëtt och de Krittär vun der gudder Gesondheet kritiséiert.

''Greenland'' ass also net nëmmen op rengen, éischter gutt gemaache Spektakel aus. De Film mécht sech duerchaus och e puer Gedanken iwwer d'Gefor vun hygienisteschen a sozialdarwinistesche Fantasien, och wann um Enn e konservatiivt Bild vun der Famill triumphéiert.