Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Corbi - Wee, Wat, Wou? Feat. Serge Tonnar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cannes: Lëtzebuerg mat vir bäi

74. Editioun vum Filmfestival

Cannes: Lëtzebuerg mat vir bäi

De Glamour an dat grousst Geschäft sinn erëm zeréck op der Croisette - a Lëtzebuerg ass mat vir bäi bei der 74. Editioun vun den Internationale Filmfestspiller vu Cannes.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


No enger Pandemie-bedéngt ganz ofgespeckter Editioun 2020 ouni rouden Teppech, Staren a Präisser, ass et haut endlech erëm esou wäit: Den Owend start de 74. Filmfestival vu Cannes - mat der Projektioun vum Leos Carax sengem "Annette".

An och dëst Joer ass Lëtzebuerg staark vertruede - gläich dräi "Made in Luxembourg"-Produktioune kréien op der Croisette eng international Visibilitéit. D'Samsa Film Co-produktioun "Les Intranquilles", e Bezéiungsdrama vum belsche Realisateur Joachim Lafosse, trëtt géint 23 Konkurrenten an der offizieller Kompetitioun fir d'Gëlle Palm un.

De Lëtzebuerger Animatiouns-Secteur mécht zwee Mol op sech opmierksam. "Le Sommet des dieux" vun de Conter Mélusine Productions feiert am beléifte "Cinéma de la Plage" seng Avant-Première. "Where is Anne Frank?", deen den Ari Folman mat Samsa Film realiséiert huet, leeft "Hors Compétition". Dëst ass no "The Congress", deen 2013 de Europäesche Filmpräis vum beschten Animatiounsfilm krut, schonns déi zweet Zesummenaarbecht vum israelesche Régisseur mat enger Lëtzebuerger Produktiounsgesellschaft.

Bergman Island mam Vicky Krieps.

An och nach e weidere Kompetitiounsfilm aus Frankräich kann op Lëtzebuerger Know-How zielen: A "Bergman Island" ass d'Vicky Krieps un der Säit vum Tim Roth an der Haaptroll ze gesinn.

Den traditionelle Lëtzebuerger Dag geet dëse Samschdeg am Pavillon vum Filmfong iwwer d'Bün - krankheetsbedéngt ouni den zoustännege Medieminister Xavier Bettel.

De 17. Juli vergëtt de Jury ënner der Presidence vum amerikanesche Realisateur Spike Lee dann d'Gëlle Palm vum 74. Filmfestival. D'amerikanesch Schauspillerin a Realisatrice Jodie Foster dierf sech schonn haut iwwer seng Éierepalm freeën.