Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Breakdance-Radio

B-Radio

Breakdance-Radio

Breakdance ass e fundamentale Bestanddeel vun der Hip-Hop-Kultur. Och hei zu Lëtzebuerg goufen et Uganks den 80er Jore Pionéier vun deem Danzstil, dee mëttlerweil eng olympesch Disziplin ass.

auto_stories

2 min

Mat de Stëmme vun: Jerry Libardi, Brandon Konrad, Alain Tshinza, Bobby Bieles a Guy Rosen.
B-Radio-Crew: Michel Delage, Valerija Berdi, Pierre Reyland, Rick Mertens a Semir Demic.

"Ech ka mech un eng Musek erënneren, als Bouf ze Uewerkuer, wou ech an den 80er Jore gewunnt hat. Si koum vun dobaussen. Et war am klenge Park, tëschent der Rue Pierre Martin an der Bieleser Strooss.

Ech lafen eraus, fir kucken ze goen. An do danzen der, ob engem ausgerullte Balatum, op enger Musek, déi aus engem décke Radio kënnt. Dat war cool!

Elo, Jore méi spéit, sinn ech gewuer ginn: dat waren d'Meedercher an d'Jonge vun der Systematic Crew, déi net wäit dovun ewech am Café Nobody geprouft haten a sech an der frëscher Loft e bësse wollten austoben!" (md)

Systematic Crew (Fotoen zur Verfügung gestallt vum Jerry Libardi)

PLAYLIST (der Rei no)

Fast Eddie feat. Sundance: "Git on up"

Technotronic: "This beat is Technotronic"

Benny B: "Mais vous êtes fous"

Michael Jackson: "Billie Jean"

Breakmachine: "Street Dance"

Rock Steady Crew : "(Hey you) The Rock Steady Crew"

Grandmaster Flash & Melle Mel: "White lines"

Sugarhill Gang: "Rapper's delight"

Afrika Bambaataa: "Planet Rock"

James Brown: "Funky drummer"

UTFO: "Wanna rock"

Grandmaster Flash: "The Message"

Afrika Bambaataa & The Soul Sonic Force: "Renegades of funk"

DJ Fleg: "Victory Ron"

DJ Lean Rock: "Sneak Peak"

Dennis Coffey: "Theme from Black Belt Jones"

Incredible Bongo Band: "Apache"

Jerry Libardi a Brandon Konrad