Radioen

On air

Al Schanken  |  Russell, Calvin - All We Got Is Rock 'n' Roll

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei de Scoute léiers de fir d'Liewen

Netflix

Bei de Scoute léiers de fir d'Liewen

E Grupp vu Scouten entdeckt Diamanten an ... eng Läich! Déi belsch-lëtzebuergesch Co-Produktioun "Coyotes" versicht iwwer e bluddege Thriller, d'Problemer vu Jugendlechen ze thematiséieren. Leider feelt et der vill ze laanger Serie u Konsistenz.

auto_stories

3 min

E Scoutecamp an engem Kaff an de belschen Ardennen. Fir de Kevin, ee vu Papp a Brudder mësshandelte Jugendlechen, steet den Opnamexame bei de Coyoten um Spill. Gläichzäiteg verléift hie sech an e Meedchen, fënnt e Grapp voll echt Diamanten an... entdeckt d'Läich vun engem Gläichaltregen.

D'Läich an d'Edelsteng gi séier zum Problem fir e klenge Grupp vu Scouten: wéi gi mer déi eng lass a verwandelen déi aner a Suen? A wann dat net scho komplizéiert genuch wier, kréien déi Jugendlech et och nach mat enger Band ëm e korrupten Douanier a mat der indescher Mafia ze dinn...

"Capitani" lässt grüßen

D'Mini-Serie ''Coyotes'', eng belsch-lëtzebuergesch Co-Produktioun (mat Les Films Fauves als Lëtzebuerger Partner), gouf eng éischte Kéier am Fréijoer op der RTBF gewisen. Elo sinn déi sechs Deeler, déi de Jacques Molitor zesumme mam Gary Seghers an Zeen gesat huet, fir en internationale Publikum op Netflix zougänglech.

Atmosphäresch erënnert d'Serie un eng Mëschung aus der Stephen King-Verfilmung ''Stand by me'', dem schwaarzen Humor vun de Coen Brothers, der däitscher Jugendabenteur-Serie TKKG, wäitleefeg huet et och en Hauch vun Twin Peaks.

An et richt dann awer relativ staark no den Iwwerreschter aus dem Zoppendëppe vu ''Capitani'': vill Beem, déi zesumme vill Bësch erginn, an - tiens! tiens! - och e Geeschteskranken (Nilton Martins), bei deem een direkt spiert, datt deen d'Handlung iergendwann zum Kippe kéint bréngen.

Moraliséierend Approche

Am interessantsten ass nach d'Aart a Weis, wéi ''Coyotes'' op d'mannst emol versicht, d'Problemer vu Jugendlechen ze thematiséieren. D'Protagonisten erliewen d'Transitioun zum Erwuessenenalter. Aus dem spilleresche Scoutelager gi se an d'Eescht vum Liewe geschleidert, symboliséiert duerch hir Verwécklung an eng bluddeg kriminell Combine.

Elo ginn eng Hellewull u Problemer ugeschnidden: Gewalt géint Kanner, Entdeckung vun der Léift, Homosexualitéit an Angscht virum Coming out, Frëndschaft, Drogen- an Alkoholkonsum, de Géigesaz tëschent individualisteschem Handelen a Solidaritéit mam Grupp...

Net all Aspekt gëtt verdéift, a wa jo, dacks op eng moraliséierend Manéier. Saufen a sech drogéiere gëtt direkt bestrooft; an Diamanten, déi engem net gehéieren, zu Antwerpe verklappen, dat dierf op kee Fall gutt ausgoen! Noutfalls erënnert eent vun de Meedercher, eng gleeweg Katholickin, un den Ënnerscheed tëschent gutt a béis...

D'Serie fënnt de richtegen Toun net

Gott sei Dank gëtt et an der Serie den Duerfpaschtouer, deen a senger Fräizäit catcht, eng Affär mat der lokaler Polizistin huet an och soss e ganz flexibelen Ëmgank mat der chrëschtlecher Moral fleegt. Sécherlech e skurrille Personnage, deen am Fong geholl guer net esou komesch eriwwer kënnt.

Aner Personnagen iwwerrasche wäit manner, wéi den duerch an duerch béisen Douanier, deem een awer net ofkeeft, a Milliounen-Euro-schwéieren Deale verwéckelt ze sinn. Nach méi karikatural ass den indesche Mafia-Killer, e Sikh, dee sech iergendwéi och als Kämpfer fir säi reliéise Glawe gesäit, deem seng Deboiren am Ufank nach ameséieren, mee deen duerno kalbliddeg Leit ëmbréngt.

Et feelt der Serie ''Coyotes'' einfach u Konsistenz: si fënnt net de richtegen Toun, ka sech net entscheeden tëschent Realismus an iwwerdriwwener Farce, a wann et eng Mëschung sollt ginn, dann gräift se net.

Eigentlech ass schonn no dräi vu sechs Episoden d'Loft eraus. De Rescht - ëmmerhin nach gutt 140 Minutten - zitt sech onendlech an d'Läängt. Fir d'Langweil ze briechen gëtt dat Ganzt dann an engem komplett disproportionéierte Splatter-Gemetzel à la Tarantino oder Coen Brothers degeneréiere gelooss. Dem Spectateur, deen et bis zum Schluss gepackt sollt hunn, sief en erhuelsame Spadséiergang an de Bësch recommandéiert, datt dobausse méi kal a lëfteg, datt besser.