Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Franz Ferdinand - No You Girls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Autopsie vun engem Crash

Nei am Kino

Autopsie vun engem Crash

De franséische Thriller "Boîte noire'' hëlt d'Enquête iwwer e Fligercrash als Ulass, fir ze klären, wie vu Mënsch oder d'Technik elo méi zouverlässeg ass. Eng Rees post mortem an d'Welt vum Toun.

auto_stories

3 min

De Matthieu Vasseur (Pierre Niney) ass e jonken Enquêteur vun der ziviller Aviatiouns-Autoritéit. Hie soll de Crash vum Dubai-Paraïs opklären. D'Maschinn ass an den Alpen erofgefall, kee vun den 300 Passagéier a vum Equipage huet iwwerlieft. War et en techneschen Defekt ? Oder awer Terrorismus ?

D'Boite noire, déi di lescht Kommunikatiounen tëschent Cockpit a Kontrolltuerm opgezeechent huet, soll hëllefen, d'Rätsel z'entzifferen. Mee datt den Enquêteur sech méi a seng Analys verdéift, datt him méi Inkoherenzen opfalen...

Klassesch Krimielementer

De franséische Thriller ''Boîte noire'' vum Yann Gozlan ass opgebaut ewéi e klassesche Krimi, an deem den Held e Mord soll opkläeren.

D'Ufankssequenz ass eng hannerzeg Kamerabeweegung, vum Cockpit aus zréck duerch d'Reie vun de Passagéier bis hin zur faméiser Black Box hannen am Fliger. Wien opmierksam gekuckt huet, deem ass wärend deem relativ séieren Travelling e Passagéier opgefall, deen op eemol opsteet.

E bëssen no deem selwechte Muster gëtt de Verdacht am Laf vum Film gelenkt, mol op méiglech Terroristen, mol op e mächtege Loftfahrtkonzern wann net op eng Konspiratioun vu méi Acteuren. Dem Enquêteur Matthieu Vasseur seng Relatiounen zu Aarbechtskolleegen, Hierarchie, Frëndeskreess a souguer der eegener Fra (Lou de Laâge) ginn op eng haart Prouf gestallt.

Wéi eng Autopsie

D'Zeen an där mat Mondschutz an Händche bedeckten Techniker d'Plackett vun der Black Box delikat vun hirem roude Gehais léisen an d'Donnéeën iwwerspillen, ass gefilmt ewéi eng Autopsie. Wärend dëse ''passage obligé'' an engem Krimi meeschtens séier iwwerflu gëtt, ass d'Inspektioun vun der Läich, wann een esou däerf soen, den eigentleche Bestanddeel vum Film.

D'Matière, mat där sech de jonken Enquêteur beschäftegt, si méi oder manner kloer Tounopnamen. Als ausgebilten Akustiker huet hien dat richtegt Ouer, fir an engem fir e Laien onverständlechen Dauschen déi geréngsten Toun-Nuancen z'erkennen - eng mënschlech Kompetenz, déi och net duerch déi sophistiquéiertst Technik z'ersetzen ass. An do si mer am Kär vu ''Boîte noire''.

Mënsch vs Technik

Virun zwee Joer scho war am spannende franséischen U-Boot-Thriller ''Le Chant du loup'' ee mat engem ausseruerdentlech performante Gehéier begaabte Spezialist den Haaptpersonnage. ''Boîte noire'' ass an deem Sënn net méi esou originell.

Allerdéngs verdéift den Zenario vun deem heite Film den Aspekt vun der Technik als solch. Kann a muss ee sech méi op d'Technik verloossen, well de Mënsch éischter verseet ? Bei aller Kompetenz a Perfektionismus schéngt sech de Matthieu Vasseur ëmmer méi a sengen Theorien iwwer d'Ursaache vum Crash ze verléieren, a keen ass méi bereet op en ze lauschteren. Ëmgedréint kann net ausgeschloss ginn, datt de Fliger wéinst dem blanne Glawen un eng soi-disant onfeelbar Technik ofgestierzt ass. Et sief, de Mënsch steet op déi eng oder aner Manéier dohannert...

Toun visibel gemaach

D'Dialektik vu Mënsch a Maschinn ass sécherlech dee spannendsten an interessantsten Volet vun engem Film, deen et iwwerdeems op eng elegant Manéier fäerdeg bréngt, den Toun souzesoe visibel ze maachen. Nieft den obligate Gros planen op Tounspueren um Computer-Ecran, Kopfhörer a konzentréiert Gesiichter, kréie mer iergendwann eng Kéier dem Matthieu Vasseur seng mental Rekonstitutioun vun der Fligerkabin virum Crash gewisen - hien ass da reegelrecht ee vun de Passagéier, steet op, spadséiert tëschent de Reien.

Manner iwwerzeegend ass dogéint d'Koppel, déi den éischter scheien Nerd Matthieu Vasseur mat senger sexy blonder Fra forméiert. Mee dat ass just en Detail an engem Film, deen allgemeng gutt interpretéiert ass.