Radioen

On air

Al Schanken  |  Russell, Calvin - All We Got Is Rock 'n' Roll

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An de Weltall, ouni Computeren!

Nei am Kino

An de Weltall, ouni Computeren!

"SpaceBoy", deen éischte Long-métrage vum Belsch Olivier Pairoux, ass eent an den 80er Joren ugesidelt Science Fiction-Märchen. Net oninteressant Spill mat Referenzen, mee previsibel.

auto_stories

3 min

Dem Jim säi Papp, en Astrophysiker, kritt eng Plaz an enger Weltraumagence ugebueden. Déi zwee mussen also plënneren an de Bouf d'Schoul wiesselen. Fir den Astronomie-begeeschterten Jim, dee sengem Papp no äifert, trëfft et sech gutt, datt grad e Wëssenschaftsconcours fir d'Schüler usteet. Zesumme mat senger neier Frëndin Emma entwéckelt de Jong gären e Ballon fir an de Weltall ze fléien.

''SpaceBoy'' (net ze verwiessele mat enger rezenter amerikanescher BD) vum Belsch Olivier Pairoux ass eng Zort Science Fiction-Mäerchen iwwert d'Kandheet, vermëttelt als eng Zäit an där alles méiglech erschéngt. De Film, dee Mëtt den 1980er Jore spillt, insistéiert a sengem Grondmessage drop, datt eigentlech villes vun den Elteren ofhänkt. D'Ofwiesenheet vun der Mamm gëtt fir den Jim (Basile Grunberger) duerch d'Presenz vun engem Papp (Yannick Renier) kompenséiert, op deen hie kann erop kucken: de Graham soll sech deemnächst als Astronaut un enger Weltraum-Missioun bedeelegen.

Am schaarfe Kontrast zu dëser - dem Uschäin no - virbildlecher Papp-Fils-Relatioun steet d'Bezéiung tëschent dem Emma (Albane Masson) a senge karikaturalen Elteren: dem Meedche säi Papp ass e langweilegen Dëlpes an d'Mamm eng genervten, brong gebrannte blond Tussi. Streng geholl stiechen d'Emma, den Jim an deem säi Papp Graham als déi eenzeg Personnagen ervir, déi net grad eng mat der Pan hunn. D'Meedchen huet also all Interêt, sech mat deem Jong gutt ze halen.

Ganz perséinlech 80er-Rekonstitutioun

De Verzicht op eng realistesch Duerstellung gëtt allgemeng zum Prinzip erhuewen. Den Olivier Pairoux, Joergang 1977, setzt op eng Rekonstitutioun opgrond vum Imaginär vun engem Kand, dat an de Polaroid-80er opgewuess ass, dat heescht sech wärend laange Stonne vun der Telëe berisele gelooss huet.

Net fir näischt wierkt am Film alles duerch an duerch ''amerikanesch'': d'Personnagen hunn angelsächseg Virnimm, gebrauchen och scho mol englesch Ausdréck (''okay, Dad!''), wunnen an dësen typeschen, vu soziale Widderspréch befreite Mëttelklasse-Pavillone mat engem Wuess ewéi geleckt, fuere virum Hannergrond vun engem Giorgio Moroder-änleche Soundtrack mat BMXen duerch d'Géigend.

Des weidere spillt den Olivier Pairoux mat de Codë vun amerikaneschen Teenie-Serien, wéi beispillsweis de peinleche Schouldirekter oder d'Band vu béise Kanner, déi aus Jalousie der glamouréiser Kanner-Koppel permanent Steng an de Wee leeën.

D'Explosioun 1986 vun der Challenger-Rakéit kuerz no hirem Start gëllt do schonn als eenzege ''reelle'' Verweis op d'80er Joren - dat tragescht Evenement, deemools live iwwerdroen, gehéiert zur internationaler televisueller Kultur.

Steampunk vs GAFA

Opfälleg ass am Film dann och déi deforméiert Duerstellung vum Stand vun der Technologie. Obwuel Computeren deemools ugefaangen haten ze boomen, spillen se hei eng ënnergeuerdent Roll. De béise Jong ass deen eenzegen, dee sech domat ophält. Seng visionär Erfindung vum Facebook-Prinzip gëtt an d'Lächerlecht gezunn, wärend deen op puerer Mechanik baséierte Ballon vun den zwee Helde valoriséiert gëtt. Den anachronisteschen Asaz vum Steampunk-Stil kann een hei als Kritik op déi aktuell Virherrschaft vun de GAFA liesen.

Wéinst sengem Spill mat Referenzen ass den Debut-Film ''SpaceBoy'' fir Erwuessener net oninteressant. Et ass just schued, datt d'Geschicht op eng dach ganz konventionell a previsibel Manéier erzielt gëtt. Kanner dierft dat manner stéieren.