Et ass net déi éischt Zesummenaarbecht vun den zwee jonke Kënschtler Elsa Rauchs a Jérôme Michez, et ass elo den drëtte gemeinsame Projet. "À l'origine, nous ne partions pas du tout pour faire une pièce...", seet den Duo Rauchs a Michez.
Erauskomm ass och keen Theaterstéck, mee eng Performance, an där dann eng Persoun aus dem Publikum mat op d'Bün klëmmt an do déi zweet Roll spillt, ouni virdrun instruéiert ze sinn. Dat erënnert vun der Ausféierung hier direkt un de Theaterkollektiv Rimini Protokoll an un den Theaterregisseur an Theaterauteur Milo Rau.
Eng participativ Approche, déi eppes bewierke wëll
Fir "Amer Amer" wier de Milo Rau eng Referenz gewiescht, confirméiert de Jérôme Michez. Dat, wat hei op der Bün geschitt, wier awer eppes ganz aneschtes: Gi Rimini Protokoll a Milo Rau déi global politesch a soziologesch Sujeten un, sou weisen sech d'Elsa Rauchs an de Jérôme Michez ganz bescheiden an hirem Choix vum Sujet. Dofir ass hir Approche awer net manner komplex.
An den Theatere wier een ëmmer ënner sech: Intellektueller, déi d'Schlechtegkeet vun der Welt bekloen an déi verbessere wëllen, sou d'Elsa Rauchs. Si géif sech dann immens onwuel fillen an esou enger Gesellschaft. Well nëmmen driwwer ze schwätzen hätt jo keen Impakt op d'Realitéit. Bei der Recherche fir "Amer Amer" wier et eben d'Fro gewiescht, op wéi engem Punkt si kéinten agéieren.
Wat sinn d'Limitte vun enger Theater-Representatioun a wéi geet ee geziilt en Thema un, mat dem een eppes bewierke kann, war dann eng decisiv Fro.
Keng Performance wéi eng aner
Den Titel "Amer Amer" rifft esou vill Associatiounen am Kapp ervir: Et denkt een un de Parfum "Amor Amor", dee virun enger Zäitche ganz beléift war, natierlech och u manner Séisses, awer natierlech och un d'mère - d'Mamm, elo phoneetesch geduecht, déi hei am Fokus steet. Mee d'Kënschtler wéilten net ze vill iwwer de Sënn vum Titel verroden, well dee géif am Stéck well interpretéiert ginn.
E Stéck also, wou eng Persoun aus dem Publikum net nëmmen op d'Bün klëmmt, mee mat där dës Performance also steet oder fält... E Risk, deen den Duo ganz gären ageet, well wa si do eng perfekt Schauspillerin gewollt hätten, da hätte si och eng geholl.
Et wier hiert grousst Uleies gewiescht sech selwer an d'Haut vum Spectateur ze versetzen a sech ze froen, wat ee selwer wëll op der Bün gesinn, erkläert d'Elsa Rauchs. Et géif hei ëm ganz aner Saache goen, ëm Mënschlechkeet a Perséinlechkeet. Et ass dann um Schauspiller Tom Geels, d'Spectatrice - déi dann als Laieschauspillerin d'Roll vun der Mamm iwwerhëlt - ze guidéieren.