Radioen

On air

9 bis 1  |  Metro - I Know I Can Never Really Make It Up To You Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "All Krichspartei verstoppt seng wierklech Interessien duerch Desinformatioun"

Medien

"All Krichspartei verstoppt seng wierklech Interessien duerch Desinformatioun"

Zënter Joerzéngte schonn analyséiert de Michel Collon d'Manéier, wéi besonnesch westlech Medien iwwer international Konflikter berichten. De belsche Journalist ass drop an drun, säin neit Buch iwwer de Krich an der Ukrain ze verëffentlechen.

auto_stories

1 min

Ganzen Interviewplay_arrow


Mat "Attention médias!" hat hien d'Berichterstattung iwwer de Golfkrich Uganks den 1990er Joren ënnert d'Lupp geholl. "Poker menteur" war d'Analys vun der westlecher Mediecouverture iwwer de Krich a Jugoslawien. Dobäi huet de Michel Collon ëmmer och déi geopolitesch Interessie vun de Krichsparteien am A behalen.

Um selwechte Modell soll dem belsche Journalist säin neit Buch op de russesche Krich an der Ukrain agoen: "Ukraine. La Guerre des images". Viraussiichtlech den 9. Mee soll et beim Verlag "Investig'Action" erauskommen.

Alternativ Informatioun

"Investig'Action" ass och den Numm vun enger Onlinepublikatioun, déi de bekennende Marxist Michel Collon zënter enger Rei Jore mat enger klenger Equipe bedreift. An déi den Usproch huet, dem Publikum eng alternativ Informatiounsquell ze bidden - a Krichszäiten an doriwwer eraus.

Op der Foire du livre zu Bréissel hate mer viru Kuerzem d'Geleegenheet, mam Michel Collon ze schwätzen. Iwwer ëmmer selwecht Mustere vun der Desinformatioun, iwwer d'Mediecouverture am Ukrainkrich, iwwer de Kampf fir eng alternativ Informatioun an iwwer d'Interesselag virun engem méigleche Krich mat China.