Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 65. Gebuertsdag vum Jack Kerouac sengem "On The Road"

Literatur, déi beweegt

65. Gebuertsdag vum Jack Kerouac sengem "On The Road"

De bekannte Reesroman vum Schrëftsteller Jack Kerouac feiert haut e ronne Gebuertsdag, e koum nämlech haut viru 65 Joer eraus. Dobäi war de Schrëftsteller vun desëm Klassiker an der amerikanescher Literatur eigentlech aus Kanada.

auto_stories

3 min

De 5. September 1957 koum dem Jack Kerouac säi Roman "On The Road" eraus. Wéi den Titel et schonn undeit, ass dëst eng Geschicht aus enger Zäit wou d'Strooss gläichbedeitend war mat Fräiheet, de Bensin bëlleg an Autostopp eng akzeptéiert Form vun ëffentlechem Transport.

E Buch ouni Handlung am übleche Sënn

Nei war deemools, datt d'Buch keng Handlung am übleche Sënn hat - sou wéi dat richtegt Liewen iwweregens och net, a grad dat richtegt Liewe sollt hei a Literatur duergestallt ginn.

Den Haaptpersonnage Sal Paradise, en Alter Ego vum Kerouac, gondelt mat senge Kolleegen duerch Amerika, vun der Ostküst bis bei d'Westküst an ëmmer hin an hier, heiansdo erniichter heiansdo manner. Si léiere Frae kennen, déi awer - 50er oblige - ëmmer nëmmen Niewepersonnage bleiwen, si schreiwe Gedichter, philosophéieren a virun allem lauschtere si Musek.

Si lauschteren haaptsächlech Jazz, fir méi genee ze si Bebop. De Jack Kerouac ass begeeschtert vum Charlie Parker sengem Saxophonspill, an hie probéiert de Rhythmus an d'Pulsatioune vun där Musek, déi owes a stéckege Clubs vu Chicago bis San Francisco live gespillt gëtt, a säi Schreiwen ze iwwersetzen.

Ee Roman, dee sollt klénge wéi eng Jassimprovisatioun

De Kerouac wollt e Roman zu Pabeier bréngen, dee kléngt wéi eng laang Jazzimprovisatioun.

Fir dat hinzekréien, huet hie fir d'éischt emol e ganze Koup Blieder zesummegepecht an als eng laang Rull a seng Schreifmaschinn agespaant, esou datt hie beim Tippe keng Pause méi huet misste maachen.

Déi éischt Versioun vum Manuskript ass an nëmmen dräi Wochen entstanen, mat e bëssen Hëllef vun der Droge Benzedrine, deemools Bennies genannt. Net ëmsoss huet den Truman Capote, deen ni ëm e sarkastesche Kommentar verleeë war, behaapt, dat do wier jo net Schreiwen, dat wier just tippen.

Grënnungsakt vun der Beat Generation

D'Buch gouf trotzdeem zum Referenzwierk a war de Grënnungsakt vun der sougenannter Beat Generation, och alt Beatniks genannt. Beat bezitt sech hei allerdéngs net op d'Musek, mee ass éischter als Referenz op e Slangwuert aus der Zäit, wat esou wuel niddergeschloen, wéi glécklech, also "upbeat" heesche konnt.

Mam Kerouac si wuel déi bekanntste Vertrieder vun der Beat Generation den Allen Ginsberg an de William S. Burroughs.

Dës Manéier ze schreiwen huet den Ustouss gi fir villes wat haut aus der Kultur net méi ewechzedenken ass, sief et de Poetry Slam oder den Hip Hop zum Beispill. Legendär sinn d'Liesunge vun de Beat Schrëftsteller am City Lights Bookstore zu San Francisco, wou mat musikalescher Begleedung dat geschriwwent Wuert zum Liewen erwächt gouf.

Kerouac huet sech mëssverstane gefillt

Interessant ass iwweregens och, datt de Kerouac, deen eent vun den amerikaneschste Bicher geschriwwen huet, iwwerhaapt keen Amerikaner war, mee Kanadier. Hie gouf 1922 am Québec gebuer als Jean-Louis Kerouac, deen eréischt an der Schoul Englesch geléiert huet a laang mat franséischem Accent geschwat huet.

De Kerouac gouf vum Succès vu sengem Roman leider zimmlech iwwerrullt, wann een dat esou däerf soen. Hien hat d'Gefill, mëssverstanen ze ginn, an huet sech ëmmer méi vun der amerikanescher Géigekultur, besonnesch vun der Hippie-Beweegung distanzéiert. Hie stierft 1969 mat nëmme 47 Joer verbattert un de Suite vu sengem Alkoholismus.