Kannerkëscht E plakege Bam an d'Dännebeem an hir Nolen

Léif Kanner! Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter, dat sinn jo déi véier Joreszäiten déi mer hunn. Déi eng ass méi waarm, déi aner méi sonneg, déi drëtt méi verreent an déi véierte méi kal.

Kannerkëscht: 3-6 Joer

Lauschteren

D'Leonie ass dem Ament net lëschteg, nee esou guer éischter traureg. An dat ass och scho sengem Papp opgefall, dofir geet dee bei Leonie fir mat him ze schwätzen.

An, ganz richteg, Leonie ass traureg, an dat huet eppes mat der Natur ze dinn. An am Fong mat de Beem. A wat dat ass héiert der elo an der Geschicht mam Leonie a sengem Papp, déi d'Katharina Kurt an de Jean Claude Majerus iech erzielen.

Vill Spaass beim Lauschteren!

E plakege Bam

Léif Kanner! An der anerer Geschicht do war d'Leonie jo traureg, well et gesinn datt Beem dobaussen esou plakeg doruechter stinn, well si hir Blieder verluer hunn. Nodeems de Papp dem Leonie alles erkläert huet datt d'Beem hier Blieder verléieren fir Energie ze spueren, an dann, wann et bis Fréijoer a Summer gëtt, hir Blieder nees wuesse loossen, ass alles an der Rei.

Oder bal, well do ass awer erëm eppes wat d'Leonie net richteg versteet. D'Beem verléieren jo hir Blieder, mä wann hat dann d'Dännebeem kuckt dann ass do eppes anescht. An esou leeft d'Leonie nees bei säi Papp. An elo dann d'Geschicht wéi de Papp dem Leonie déi Saach mat den Dännebeem erkläert, an d'Geschicht gëtt erzielt vum Katharina Kurt a vum Jean Claude Majerus.

Vill Spaass!

Lauschteren

Méi zum Thema

Kannerkëscht: 3-6 Joer
Kannerkëscht

Wann et fir eis Wanter ass, ass et och fir d'Déiere Wanter. Wat maachen d'Déieren dann? Do gi mir iech d'Beispill vum Bontspiecht a Guckuck; zwee Villercher, déi et bei eis gëtt. Wat maache si zwee am Wanter?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen