Radioen

On air

Notturno  |  The Delfonics - I Gave to You

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Déi zweet Kannerradionuecht um radio 100,7

Kannerradionuecht 2024

Déi zweet Kannerradionuecht um radio 100,7

Déi zweet Editioun vun der Kannerradionuecht um radio 100,7 ass un! Dës Kéier geet et op Spueresich am Pyjama. An dësem Artikel fannt Dir d'Aktualitéit ronderëm d'Kannerradionuecht 2024. Vill Spaass!

auto_stories

3 min

Psschhht, hues du dat och héieren? Ass do een? Oder eppes? D’Kannerradionuecht geet dëst Joer op Spueresich am Pyjama.


Hei kënnt Dir d'Kannerradionuecht an den eenzelne Stonnen nolauschteren:

Kannerradionuecht 1. Stonn (19:00-20:00 Auer)play_arrow

Kannerradionuecht 2. Stonn (20:00-21:00 Auer)play_arrow

Kannerradionuecht 3. Stonn (21:00-22:00 Auer)play_arrow

Kannerradionuecht 4. Stonn (22:00-23:00 Auer)play_arrow

Kannerradionuecht 5. Stonn (23:00-00:00 Auer)play_arrow

Wëll dir d'Lauschtergeschichten vun der Kannerradionuecht all eenzel lauschteren? Da gitt emol an eis Kannerkëscht luussen:

Kannerkëscht


Och wann s du keng Geleeënheet has fir dech unzemellen, d'Matmaach-Heft kanns du hei als PDF Dokument eroflueden.

Matmaach-Heft Kannerradionuecht 2024 (LU)

Brochure Kannerradionuecht 2024 (Français)


D’Kannerradionuecht ass eng Invitatioun un all d’Kanner, fir mam Radio e spannenden, informativen an ënnerhalsamen Owend ze verbréngen. Nom Succès vun der éischter Editioun dréint sech dëst Joer alles ëm Kriminologie an d’Opdecke vu Verbriechen. Mir léise komplizéiert Fäll, lauschtere spannend Krimien, schwätze mat richtege Kriminologen, maache Spiller, preparéiere passend Iessen a Gedrénks a lauschtere just déi Musek, déi eis gefält.

D’Kannerradionuecht ass dëst Joer de Freiden, 29. November 2024 vu 19:00 Auer bis Mëtternuecht um radio 100,7. Tëscht 19:00 an 20:00 Auer ass de Programm speziell fir Kanner vum Précoce an der Spillschoul ugepasst. Déi grouss Geschicht fir Kanner am Grondschoulalter fänkt dann no 20:00 Auer un.

D’Kannerradionuecht ass eng Experienz, déi vu Kanner mat gestalt gëtt an un där jidderee sech ka bedeelegen. D’Initiativ riicht sech un all Kand, Famillen oder Frëndeskreesser awer och u ganz Schoulklassen, Maison Relaisen a Veräiner, déi eventuell souguer Loscht hunn, fir do zesummen z’iwwernuechten.