De radio 100,7 Archiv MusekerInnen am Gespréich: OPL op Tour
Am Mäerz vum Joer 1997 war de Marco Battistella mam deemools neien OPL op eng Däitschland-Tournée. Frankfurt, Düsseldorf a München waren d'Destinatiounen, an déi goufe mam Zuch ugefuer. Am Interview kommen zu Wuert de Michael Stern, Dirigent, Dmitry Sitkovetsky, Solist, Etienne Plasman Solo Flüttist an den deemolegen Direkter vum OPL, den Olivier Frank.
