Chamberwahlen 2018 "Wëssen, datt vill Leit dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn"

D'LSAP hat d'lescht Woch hire Walprogramm ugeholl. "Solidaritéit liewen, fir Fortschrëtt a Gerechtegkeet", ass d'Dokument iwwerschriwwen. D'LSAP envisagéiert eng nei Steierreform. "Déi mat de breede Schëllere musse stäipen", seet den LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten. D'Sozialiste wéilten de System vun de verschiddene Steierklasse progressiv ofschafen an eng individualiséiert Besteierung aféieren. Esou eng Reform bräicht Zäit, dofir kéint déi eréischt um Enn vun der nächster Legislaturperiod fäerdeg sinn.

Mick Entringer / cz

Yves Cruchten
Yves Cruchten

Fir d'Finanzéierung vu där Steierreform huet den LSAP-Generalsekretär och op den aktuelle gudde Wirtschaftswuesstem verwisen, dofir wier et Zäit fir ëmzeverdeelen. Déi negativ Konsequenze vum Wuesstem missten ausbalancéiert ginn.

Am LSAP-Wahlprogramm geet rieds vum Opstelle vun enger "Matrix", vun alle Sozialleeschtungen, "fir den Afloss vun Akommessituatiounen op déi verschidden Transfertleeschtungen a Bäihëllefen ze berechnen a wann noutwenneg unzepassen".

Fir d'Sozialleeschtunge misst een eng Oplëschtung iwwer bestoend Leeschtunge maachen, se op hir Effikassitéit préiwen an analyséieren, op déi gewënschten Ziler erreecht ginn, seet den Yves Cruchten.

Upassunge vum Kannergeld

D'Indexéierung vum Kannergeld wier esou eng Méiglechkeet, déi och am LSAP-Wahlprogramm géif stoen. "Mir wëllen d'Kannergeld och strukturell upassen. Mir wëssen, datt ganz vill Leit, besonnesch Monoparentauxen dem Risiko vun der Aarmut ausgesat sinn. Mir wëssen, datt mir zu Lëtzebuerg e Problem hunn och mat Kanneraarmut."

Elo misst un deene Schrauwe gedréint ginn, fir déi Problemer ze léisen. Dat géif awer net bedeiten, datt Leit mat méi héijem Akommes manner Kannergeld géife kréien, wéi Leit mat engem méi niddregen Akommes.

"Mir sinn nach ëmmer der Meenung gewiescht hei zu Lëtzebuerg, datt mir d'Kanner solle behandelen, dat eent wéi dat anert. An dorunner huet sech och bei der LSAP an der Meenung näischt geännert."

An der Mediathéik:

Chamberwahlen 2018 / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Roger Negri
LSAP

Trotz interner Kritik wär d'LSAP keng zerrasse Partei, et misst awer méi matdiskutéiert ginn. Dat géing elo och geschéien, seet de Roger Negri. Kritesch LSAP-Deputéiert misste sech méi an der Fraktioun abréngen.

Ben Fayot
Ben Fayot

Et wier positiv, "wa jonk Leit, och ouni e fäerdege Programm virzeleeën, de Wonsch äusseren, fir méi ze diskutéieren", seet de Ben Fayot. Partei-intern hätt déi Reflexioun scho laang misse geféiert ginn.

Franz Fayot LSAP
LSAP

Zéng LSAP-Memberen hunn en Appell lancéiert, fir d'Partei z'erneieren. Schonn 2014 ass e Pabeier mat Recommandatiounen entworf ginn. Dësem wär allerdéngs net Rechnung gedroe ginn, seet de Franz Fayot.

bodry wiseler
Riicht Eraus: Alex Bodry vs Claude Wiseler

Pensiounen, Kafkraaft, Mindestloun, Steiergerechtegkeet a Sondagen. Doriwwer diskutéieren d'Fraktiounspresidente Claude Wiseler (CSV) an Alex Bodry (LSAP).

Jean-Claude Franck Kommentar
Wirtschaftschronik

D'Zukunft vum (ekonomesche) Wuesstem ass ee vun deene Sujeten, iwwert deen dëst Joer vill diskutéiert gouf. Leider net an den néidegen Nuancen. Lëtzebuerg brauch eng kohärent Zukunftsplanung.

Corinne Cahen
Allocation de vie chère

Duerch d'Reform kéinten zéng Prozent méi Stéit mat Kanner d'Deirecht-Zoulag kréie wéi d'lescht Joer, seet d'Familljeministesch. Och op Gemengenniveau kéinten d'Beneficiairen zousätzlech Bäihëllefe kréien.

Katrin-Praprotnik
Wahlen an Éisträich

Mat den Themen Asyl a Migratioun hunn d'ÖVP an d'FPÖ an Éisträich vill Stëmmen dobäi gewonnen. Vill Wieler si vun der SPÖ bei d'Rietsdemokrate gewiesselt, seet d'Politologin Katrin Praprotnik.

Jean-Claude Franck Kommentar
LSAP

D'LSAP huet bei de Gemengewahle bal fënnef Prozentpunkten u Stëmme verluer. Donieft bréngt si et a wichtege Gemengen net fäerdeg, an eng Koalitioun ze kommen. Mä kee wëllt Responsabilitéit iwwerhuelen.

Claude Haagen
Gemengewahlen

Et wier en "nationalen Trend", datt d'CSV vill Lëschtestëmme géif kréien, seet den LSAP-Parteipresident Claude Haagen. D'LSAP huet just nach an dräi Gemengen eng absolut Majoritéit.

Etienne Schneider Riicht Eraus
Chamberwahlen 2018

2018 wëll den Etienne Schneider nees LSAP-Spëtzekandidat sinn an déi blo-rout-gréng Koalitioun weider féieren. Den Echec vum Sozialist Benoît Hamon bei de franséische Presidentiellë bedauert hien net.

Claude Karger_Raymond Klein_Romain Hilgert.jpg
Dräi an en halleft Joer Blo-Rout-Gréng

Des zweet Legislaturperiod ouni Regierungsbedeelegung vun der CSV zënter dem zweete Weltkrich kritt net de selwechten historesche Stellewäert wéi déi éischt, esou de Konsens ënner Journalisten.

roeltgen.jpg
Riicht Eraus

Den OGBL-President, André Roeltgen, ass net iwwerrascht iwwer d'Resultater vun de rezente Sondagen. D'LSAP misst iwwer hir sozialpolitesch Ausriichtung nodenken. 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen