Chamberwahlen 2018 Wat ee muss wëssen

D'CSV an d'LSAP verléieren däitlech u Stëmmen. déi gréng an d'Pirate gewannen. Eng Weiderféierung vun der Dräierkoalitioun ass probabel, méiglech wier och nach CSV an DP.

CSV Zentral.jpg
D'CSV verléiert zwee Sëtz, bleift awer stäerkste Partei

D'Stëmme sinn all ausgezielt. Sou ass d'Verdeelung vun de Sëtz:

Piraten: 2 Sëtz (+2)
déi gréng: 9 Sëtz (+3)
LSAP: 10 Sëtz (-3)
CSV: 21 Sëtz (-2)
DP: 12 Sëtz (-1)
ADR: 4 Sëtz (+1)
déi Lénk: 2 Sëtz (-)

De Xavier Bettel weist sech selbstbewosst a senger Ried an der DP-Wahlzentral. 12 Sëtz wier e "fantastescht Resultat". D'DP hätt vum Wieler d'Mandat kritt fir weider an der Regierung Verantwortung ze iwwerhuelen. D'Koalitioun wier net ofgewielt, mee et misst een zu Dräi schwätzen.

Eng CSV-DP-Koalitioun "inspiréiert mech zu guer näischt, well dat wier eng Koalitioun tëschent zwee Wahlverléierer", seet de François Bausch vun déi gréng. "D'Wieler hätte gär déi gréng an der Regierung." Hie geet dovun aus, datt de Grand-Duc no dësem Wahlresultat fir d'éischt en Informateur nennt an net direkt e Regierungsformateur.

De Claude Wiseler schwätzt vu méi enger grousser Zersplitterung vun der Parteielandschaft wéi viru Joren. Déi dräi grouss Parteien hätte Stëmme verluer. D'CSV wier awer weider déi stäerkste Partei. "Stäerkste Partei ze sinn ass e kloren Optrag fir zu Lëtzebuerg Politik ze maachen", esou de Claude Wiseler.

"Dës Koalitioun huet ëmmer nach eng Majoritéit", sou de Spëtzekandidat vun der LSAP, Etienne Schneider. "Et ass esou datt mir als Koalitioun ee Prozent bäigewonnen hunn. Mir hunn d'Stëmmung am Land an de leschte véier Méint gedréint kritt." D'CSV wier de gréisste Wahlverléierer.

Pirate gewannen

"Wa mir iwwer fënnef Prozent bleiwen, da gëtt et net nëmmen ee Sëtz, mee da gëtt et e Sëtz am Süden an een am Zentrum," seet de Sven Clement vun de Piraten. Eventuell wier ee souguer bei engem zweete Sëtz am Süden, dee wackelt. D'Rechtsëtz-Lotterie hätt de Piraten am Norden d'Chance op ee Sëtz kascht. "Wou dann eis Fuerderung no engem eenzege Wahlbezierk an no enger Reform vum Wahlrecht natierlech elo opportunistesch klengt, mee a mengen Ae laang iwwerfälleg ass."

"Et kann ee soen, datt den Trend ewech vun den etabléierten Parteie geet", seet de Robert Urbé vun der Caritas. Och d'Zuel vun ongültege Stëmmen a vu Wahlziedelen, op deenen net alleguer d'Stëmme genotzt goufen, deiten op e Bashing vun den etabléierte Parteien hin.

D'Journalistin Tonya Koch vun Deutschalndfunk seet, et wier keng Protestwahl. Et wier eng jonk Clientèle, déi ganz séier an d'Neizäit wéilt. D'Pirate géifen dat garantéieren, dofir géif si dat Resultat net als Protest interpretéieren. Méi e staarkt Resultat vun der ADR wier als Protest ze interpretéieren, awer dat wier net de Fall.

"Et komme vill jonk Wieler dobäi, an déi wiele ganz anescht. Do hu mir e ganz neien Trend," seet d'Christiane Wickler, fréier Deputéiert vun déi gréng. D'Zuele beleeën: Ënner den 257.000 Wieler ware 24.000 Jonker, déi fir d'éischte Kéier bei Chamberwahle gewielt hunn.

Méi zum Thema

IMG_8844(1).JPG
Chamberwahlen 2018

D'CSV verléiert siwe Prozentpunkten, mee behält hir dräi Sëtz. D'Pirate leeë prozentual staark zou, mee kréie kee Sëtz.

Wahlziedel
Chamberwahlen 2018

U wéi eng Parteien déi 60 Sëtz an der Chamber ginn, wäert am Laf vum Owend kloer sinn. Een Enjeu bei dëse Chamberwahlen: D'Stëmmverhale vun den 257.000 Wieler an Zäite vu Social Media.

Wann-ech-Premier-wier-Cover-fir-Sammelartikel
Chamberwahlen 2018

An eiser Serie "Wann ech Premier wier" erziele Biergerinnen a Bierger onkommentéiert, wat si géife maachen, wa si eppes am Land kéinte veränneren. An dësem Artikel fannt Dir all Episod op ee Bléck.

Visuel een Dag am Wahlkampf
Chamberwahlen 2018

An eiser Serie "Een Dag am Wahlkampf" begleede mir d'Spëtzekandidate fir d'Chamberwahlen een Dag an hirem perséinleche Wahlkampf. An dësem Artikel fannt Dir all Episod op ee Bléck.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen