Vum Kollektivcongé betraff sinn offiziell just Betriber, déi um Bau vu Gebaier a Stroossen aktiv sinn, grad wéi de Secteur vun de Sanitärinstallatiounen.
Am Fall vun Urgencë kennen d'Entreprisen aus dem Bausecteur allerdéngs eng Demande bei der zoustänneger Kommissioun maache fir trotz Kollektivcongé weider ze schaffen.
Heirënner falen zum Beispill Renovatiounsaarbechten a Schoulen. Dëst aus Sécherheetsgrënn, well am Summer keng Schüler an der Schoul sinn. Een Neibau kann net accordéiert ginn, a muss regulär wärend dem Joer gebaut ginn.
Am Sanitär fänkt de Congé collectif méi spéit un
Anescht gesäit et am Beräich vun de Sanitärinstallatiounen aus. Hei fänkt dem Kollektivvertrag no de Congé collectif eréischt den éischte Méinden am August un, dëst Joer also de 7. August. Nëmme bei Depannagen, Maintenance-Aarbechten oder dréngende Reparatioune kann an dësem Secteur eng Ausnam vum Congé collectif gemaach ginn. Dës muss ausserdeem vun der jeeweileger Personaldelegatioun a vum Patron accordéiert ginn.
Soumat kruten dëst Joer am Ganzen 724 Salariéeën, déi vum Kollektivcongé betraff sinn, den Accord, awer ze schaffen.
An de leschte Jore gouf et ëmmer erëm Diskussiounen iwwer d'Legitimitéit vum Congé collectif zu Lëtzebuerg. Virun allem d'Handwierkerfederatioun wënscht sech hei méi Flexibilitéit.