Ënner anerem déi aktuell schwiereg Situatioun am Logement wier ee Sujet, dee beim LISER d'lescht Joer predominéiert huet. Am Vierdergrond géifen iwwerdeems och d'Inegalitéite stoen, erkläert d'Aline Müller, Direktrice vum LISER.
"Mir sinn extrem aktiv, natierlech op eise Grondfroen, déi d'Inegalitéite sinn. Also Revenu-Inegalitéiten, Inégalités d'Opportunités. Dat ass och an der Famill: Fir d'Kanner, d'Educatiouns-Inegalitéiten."
Eng Informatiounsquell fir de d'Public
Zanter 2014 bedreift dat ëffentlecht Fuerschungsinstitut sozio-ekonomesch Recherche. A senger aktueller Konventioun mam Staat, déi nach bis 2025 geet, ass ee Budget vu ronn 63 Milliounen Euro virgesinn. Dat si 25 Prozent méi wéi fir d'Period virdrun. Den Entspriechenden Accord war d'lescht Joer ënnerschriwwe ginn.
Bei gesellschaftleche Sujete wier et wichteg, och eng Informatiounsquell fir de d'Public an d'Autoritéiten ze sinn, erkläert d'Aline Müller.
"Fir eis ass et effektiv extrem wichteg eis zwou Missioune parallel an och connectéiert ze féieren. Souwuel déi wëssenschaftlech Missioun, wéi och déi gesellschaftlech."
Eng nei Approche
Dofir goufen d'Methoden och ugepasst. Soss hat de LISER éischter d'Approche fir wëssenschaftlech ze fuerschen an déi Resultater da mat der Ëffentlechkeet ze debattéieren. Haut géif dat awer anescht ausgesinn.
"Wat mir elo maachen ass, mir probéieren d'Sujeten an d'Fuerschungsfroe mat den Acteuren ze definéieren an déi ganz Travaux de Recherche mat den Acteuren um Terrain ze exploréieren."
D'Acteure vum Terrain direkt an d'Recherche mat anzebannen hätt der Aline Müller no och ee méi staarken Impakt op d'Gesellschaft an d'Autoritéiten.