Radioen

On air

Notturno  |  Oisin Leech - Colour Of The Rain Feat. Steve Gunn & Tony Garnier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Den Hallwer Néng

"Blëtz" ASBL

headphones

22 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Hiereschlag ass eng Krankheet an ee Krankheetsbild, dat meeschtens onerwaart a ganz akut optrëtt. Mënschen, déi een Hiereschlag kruten, mussen dacks duerno méintelaang, wann net jorelaang, mat de Konsequenze vun deem Schlag liewen.

De Jean Claude Majerus schwätzt am „Hallwer Néng“ mat enger Betraffener, der Chantal Keller, wéi dat bei hir war an och iwwert hire Wee zeréck an d‘Liewen. Fir concernéierte Mënschen ze hëllefen huet si och d‘ASBl Blëtz gegrënnt.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

En Dram aus Schockela

En Dram aus Schockela

Invitée ass d'Monique Kunert, déi e klenge Schockelasbuttek huet.
Naturschutz als ekonomeschen Deel vun der Landwirtschaft? | © Tessy Steffen Koenig

Naturschutz als ekonomeschen Deel vun der Landwirtschaft?

D'Landwirtschaft haut ass ee vun den Haaptgrënn fir de Réckgang vun der Biodiversitéit. Vill Bauere kënnen a wëllen dat änneren. Wéi kann Naturschutz sech monetär fir si lounen?
Wat dreift eng Persoun un als Krichsreporter ze schaffen?

Wat dreift eng Persoun un als Krichsreporter ze schaffen?

Hie wier a säi Beruff "eragerutscht", seet de Max Zander. Zanter leschtem Dezember ass hie reegelméisseg an der Ukrain, fir vun der Plaz iwwer de Krich ze berichten.
Chrëschtdag an Demenz | © Jo Diseviscourt

Chrëschtdag an Demenz

Invitée ass Christine Mathonet, Chargée de Direction vum Info-Zenter Demenz.
Den Duerfkär mat Liewe fëllen | © Tessy Steffen Koenig

Den Duerfkär mat Liewe fëllen

D'Geschicht vum Kinoler wier selwer schonn e Film wäert. Viru gutt zéng Joer ass d'Iddi fir e klenge regionale Kino zu Koler entstanen. De Weekend feiert e säi fënneften Anniversaire. De Marc Barnig erzielt.
Wéi kann ech mäin Doheem virun Abréch schützen? | © Tessy Steffen Koenig

Wéi kann ech mäin Doheem virun Abréch schützen?

Et hannerléisst en ellent Gefill, wann eng friem Persoun an déi eege Wunneng agebrach ass. Wéi eng preventiv Mesurë kënnen hëllefen, fir sech virun Abréch ze schützen? Dat verréit den Tim Pauly vun der Police.
Eng Joreszäit, déi op d'Gemitt schléit

Eng Joreszäit, déi op d'Gemitt schléit

De Wiessel an déi éischter gro a kal Joreszäit huet op vill Mënschen en zimmlechen Impakt. Invité ass de Psycholog a Psychotherapeut Sacha Bachim
Jérôme Merker

Jérôme Merker

Invité ass de Lëtzebuerger Seegeler, deen dëst Joer bei der Mini-Transat, enger transatlantescher Seegelcourse vun zwou Etappen, participéiert huet.
100,7 Kannerradionuecht

100,7 Kannerradionuecht

Vu 7 Auer un, fënnef Stonne Kannerradiosprogramm zum Theema Wëssenschaft, Erfindungen a Robotere mat Geschichten, Experimenter, Ausstellungen, mat Kannerreporter an och engem ganz geckegen Professer ...
headphones

24 min

play_arrow
Kënschtlech Intelligenz: Wat mécht Konscht zur Konscht?

Kënschtlech Intelligenz: Wat mécht Konscht zur Konscht?

Mat nëmmen e puer Stéchwierder an engem Klick e Bild generéieren - ass dat Konscht? D'Kënschtlerin Irina Moons an de Misch Strotz, CEO vun der Lëtzebuerger Plattform LëtzAI diskutéieren zesummen.
headphones

24 min

play_arrow
Wéi kann ech mäin Doheem virun Iwwerschwemmunge schützen?

Wéi kann ech mäin Doheem virun Iwwerschwemmunge schützen?

An deene leschten Deeg a Wochen huet et vill gereent an d'Flëss an d'Baache si gutt gefëllt. Wat kann ee maachen, wann een an engem Gebitt wunnt, wou de Risk vun Iwwerschwemmungen héich ass?
headphones

23 min

play_arrow
Iessen: E banalen Akt, deen eist Liewe beaflosst

Iessen: E banalen Akt, deen eist Liewe beaflosst

De Mënsch ass dat eenzegt Liewewiesen, dat Agrikultur an Ziichtung bedreift a säin Iessen net just einfach aus der Natur hëlt. An der Expo "All you can eat" am Lëtzebuerg City Musée geet et ëm de Mënsch a seng Ernärung.
headphones

22 min

play_arrow
Chrëschtdagsbeliichtung: D'Dosis mécht d'Gëft

Chrëschtdagsbeliichtung: D'Dosis mécht d'Gëft

Et gëtt ëmmer méi hell a faarweg dobaussen dekoréiert mat Konsequenze fir d'Natur - an de Fridden an der Noperschaft. Op wat kann een oppassen? Den Daniel Gliedner gëtt Rotschléi.
headphones

21 min

play_arrow
Op de Spuere vun de Minnenaarbechter

Op de Spuere vun de Minnenaarbechter

Wéi waren d'Aarbechtskonditiounen an der Schiferminn a wéi gouf de Schifer ofgebaut? D'Guide Dany Schmitz gëtt op enger klenger Visite guidée Erklärungen.
headphones

22 min

play_arrow
Jurassic Lëtzebuerg: Wat Fossilien eis iwwer d'Vergaangenheet verroden

Jurassic Lëtzebuerg: Wat Fossilien eis iwwer d'Vergaangenheet verroden

Wéi kéinten Dinosaurier ausgesinn hunn, a wéi waren d’Liewensbedéngunge virun 180 Millioune Joer hei zu Lëtzebuerg? Op déi Froe ginn d'Paleontologen Dr. Léa Numberger-Thuy an den Dr. Ben Thuy Äntwerten.
headphones

23 min

play_arrow
D’Geschicht vun der Bofferdings-Brauerei

D’Geschicht vun der Bofferdings-Brauerei

De Paul Bofferding, deen d’Geschécker vun der Brauerei wärend laange Jore (mat-)geleet huet, erënnert sech am neie Buch “Les Bofferding. Brasseurs à Bascharage.”
headphones

22 min

play_arrow
Rout Lëns, déi kleng Schwëster vu Belval a Metzeschmelz

Rout Lëns, déi kleng Schwëster vu Belval a Metzeschmelz

Anescht wéi déi zwou aner Industriebroochen, gëtt d’Lentille Terres Rouges net vun engem semi-staatlechen, mee vun engem privaten Acteur entwéckelt.
headphones

20 min

play_arrow
D'Kanner sinn déi onschëlleg Affer vun de Konflikter | © Jo Diseviscourt

D'Kanner sinn déi onschëlleg Affer vun de Konflikter

Invité ass de Paul Heber, Responsabele fir d’Communication bei UNICEF Lëtzebuerg
headphones

24 min

play_arrow
Genuch Energie fir de Wanter? | © Jo Diseviscourt

Genuch Energie fir de Wanter?

E Gespréich iwwer Gas a Stroum: Disponibilitéit, Präis, Spuerméiglechkeeten. Invité: Claude Simon, Enovos Letzebuerg
headphones

21 min

play_arrow
Zéng Bicher vu Jonke fir Kanner a 24 Stonnen

Zéng Bicher vu Jonke fir Kanner a 24 Stonnen

Um éischte Bookathon hunn 30 jonk Kreativer zéng Kannerbicher bannent 24 Stonne gestalt. Wéi wichteg ass d'Liesen an d'Virliese fir kleng Kanner? Dorobber gëtt d'Dr. Simone Mortini vum SNJ Äntwerten.
headphones

25 min

play_arrow