
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Europa Aktuell
Episoden

Reaktiounen aus dem Europaparlament
Gëschter (17.9.) gouf d'Ekipp fir déi nächst Europäesch Kommissioun presentéiert. D’Ursula von der Leyen schéngt et fäerdeg bruecht ze hunn, déi verschidde politesch Borden zefridden ze stellen.

Nei EU-Kommissioun: Annonce haut am Europaparlament?
D'Ursula von der Leyen huet Rendez-vous mat de Fraktiounscheffen am Europaparlament, fir déi nei Kommissioun virzestellen. Ob et awer zu detailléierten Annoncë kënnt, ass nach net kloer.
Patriote fir Europa fuerderen een Enn vum Cordon sanitaire
Mat de Patriote fir Europa gouf eng nei Fraktioun um riets-extreeme Bord am Europaparlament gegrënnt. Si ass bis elo deen drëtt-stäerkste Grupp a kéint weider wuessen.

Wéi geet et no de Walen a Frankräich weider?
A Frankräich regéiert de Moment virun allem d’Ongewëssheet. Et ass schwéier virauszesoen, wéi déi nächst franséisch Regierung wäert ausgesinn.

EU-Parlament: Wou genee verleeft d'Linn fir de Cordon sanitaire?
Am neien Europaparlament kéint déi nei riets-extreem Fraktioun vun de Patriote fir Europa op där drëtter Plaz stoen. Trotzdeem kéinten hir Membere keng Posten am Parlament kréien.

Net d'EU, mee d'EU-Memberlänner solle méi grouss a staark gemaach ginn
Den ungaresche Premier suergt mat senger Friddens-Tour fir Opreegung. Hie wëllt mat enger "politescher" EU-Présidence" eng Mark hannerloossen.

“Patriote fir Europa” fuerderen een Enn vum “Cordon sanitaire”
Mat de Patriote fir Europa gouf eng nei Fraktioun um riets-extreme Bord am Europaparlament gegrënnt. Si ass bis elo deen drëtt-stäerkste Grupp a kéint weider wuessen.

Iwweraschung a Frankräich
De Walgewënner a Frankräich heescht Nouveau Front Populaire. Iwwerraschend konnt sech d’Lénksbündnis gëschter duerchsetzen an déi meescht Sëtz an der Assemblée Nationale fir sech gewannen.
Vott am EU-Parlament: Ursula von der Leyen muss sech tommelen
No hirer Nominatioun probéiert d'Ursula von der Leyen déi néideg Majoritéit am Europa-Parlament zesummenzekréien.

Ungarn iwwerhëlt d’EU-Presidence a suergt fir Irritatiounen
Den ungaresche Premier suergt um Ufank vun der ungarescher EU-Presidence duerch een eventuelle Besuch zu Moskau fir Opreegung an der EU.

Groussbritannien: 14 Milliounen liewen an der Aarmut
Ee vun de grousse Sujeten a Groussbrittannien sinn déi héich Liewenskäschten an d'Aarmut, déi domat verbonnen ass.

Vott am EU-Parlament: Ursula von der Leyen muss sech tommelen
No hirer Nominatioun probéiert d'Ursula von der Leyen déi néideg Majoritéit am Europa-Parlament zesummenzekréien.

Barcelona verbitt touristesch Appartementer
Ëmmer mei Protester géint Massentourismus
Brexit - keen Theema am brittesche Walkampf?
A Groussbritannien ass de Walkampf amgaangen. Anescht wéi déi leschte Kéier schéngt de Brexit keen Theema ze sinn - op d'mannst keent, wat d'Parteien opgräifen.

Luc Frieden äussert sech virsiichteg iwwer Lëtzebuerger EU-Commissaire
Um EU-Sommet gouf et Nominatioune fir déi europäesch Spëtzeposten. De Premier Luc Frieden (CSV) mécht awer, wéi wann nach net kloer wier, wien hien als Lëtzebuerger EU-Commissaire wéilt nennen.

500 Euro méi fir EU-Fonctionnairen - gëtt Lëtzebuerg nees méi attraktiv?
De Standuert Lëtzebuerg war an de leschte Jore fir EU-Beamte manner attraktiv ginn - de Grond dofir si virun allem déi héich Loyeren.

Brexit: Keen Theema am brittesche Walkampf?
A Groussbritannien ass de Walkampf amgaangen. Anescht wéi déi leschte Kéier schéngt de Brexit keen Theema ze sinn - op d'mannst keent, wat d'Parteien opgräifen.

Verbrennt d'EVP hir Spëtzekandidatin?
D'Europäesch Unioun kritt no den Europawalen nei Leit op hir iewescht Posten. D'Diskussioun doriwwer ass voll amgaang - um EU-Sommet Enn der Woch sollen Neel mat Käpp gemaach ginn.
