Europa Aktuell
Brexit: Comeback vun UK an d'EU och ënner Labor kaum realistesch
6 min
Let’s get Brexit done - mat deem Slogan war de Boris Johnson 2019 an de Walkampf gezunn - an ee Joer duerno war et esou wäit - de Brexit, also den Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun, gouf Realitéit.
Fënnef Joer sinn et hier, datt d’Vereente Kinnekräich d’EU verlooss huet ... Zanterhier gouf et politesche Wiessel: Zanter dem Summer gëtt d’Insel no 14 Joer net méi vu Konservative mee vun der Labour-Partei regéiert. De Premier Keir Starmer huet selwer net fir de Brexit gestëmmt, an hie wënscht sech, eegenen Aussoen no, en neie Start an de Relatioune mat der Europäescher Unioun.
Gëtt et also e Wee zeréck an d’Unioun? A wéi sinn eigentlech haut déi Relatiounen tëschent der EU an dem Vereenegte Kinnekräich?
Presentéiert vum
- Daniele Weber