Musek a Kultur / Kultur

/ 70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

8 min

Den Opus, eise Klassiksender, bréngt Iech dëse Mëttwoch den 13. Mee 2026 ee ganz besonnesche Concert heem an d'Stuff.

Gast Waltzing & Guests - Live ab 19:30 Auer

De Lëtzebuerger Komponist a Museker Gast Waltzing feiert säi 70. Gebuertsdag. Musikalesch bléckt hien op iwwer 55 Joer Karriär zeréck. Hien invitéiert dofir eng Rei Kënschtler, mat deenen hien zesummegeschafft huet, op d'Bün. Hie selwer dirigéiert dobäi d'Lëtzebuerger Philharmoniker, déi och well iwwer dräi Joerzéngte mam Gast Waltzing zesummeschaffen.

Op der Bün stinn deen Owend nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Gast Waltzing: d'Sängerinnen Angélique Kidjo, Dobet Gnahoré, Morgane Ji, seng Fra Maggie Parke, den Trompettist Li Xiaochuan, de Geiist Jean-Jacques Mailliet souwéi d'Museker David Laborier, 
Kyle Eastwood, Rom Heck a Rainer Kind. 

Mat insgesamt 17 Wierker weisen si dem Gast Waltzing seng Bandbreet a Villsäitegkeet.

Schalt an dëse Mëttwoch um 19:30 Auer live um Opus op DAB+, ënnert opus.radio oder an ärer Opus 100,7 App.

Duerch de Concert begleet Iech de Lex Kauffmann (Opus) an d'Maria Gutierrez (SR Kultur)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

De Film "Naza" suergt fir Oprou

De Film "Naza" suergt fir Oprou

Firwat d’Regisseure vun “Naza” an Israel als Verräter ugesi ginn
headphones

6 min

play_arrow
Luxembourg All In: Interview mam Schorsch Kamerun | © Radio 100,7

Luxembourg All In: Interview mam Schorsch Kamerun

De Schorsch Kamerun – Grënnungsmember vun "Die Goldenen Zitronen" - geet mat engem Stéck am Grand Théâtre Froe Klimakris, Globaliséierung a sozialer Ongläichheet no.
headphones

19 min

play_arrow
Nei am Kino

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
headphones

6 min

play_arrow
Déi nei Spillzäit am TNL

Déi nei Spillzäit am TNL

Den TNL huet de Programm vun der neier Saison presentéiert. Et ass d'Saison vum 30. Anniversaire.
headphones

8 min

play_arrow
Rentrée littéraire: "JE" vun der Lilia Hassaine

Rentrée littéraire: "JE" vun der Lilia Hassaine

Eng Buchkritik vum Jeff Schinker
headphones

11 min

play_arrow
Den 10. Doudesdag vum Lëtzebuerger Kënschtler Bert Theis | © Radio 100,7 Archiv

Den 10. Doudesdag vum Lëtzebuerger Kënschtler Bert Theis

Gesellschaftskritesch an awer och poetesch Konscht FIR d'Leit
headphones

18 min

play_arrow
Turning Point: Generation 9/11

Turning Point: Generation 9/11

5 Joer sinn et hir säit den 9/11 Attentater an den USA, een Dag wou d‘ganz Welt hiren Otem ugehal huet. En neien Dokumentar weist elo, wei dësen Dag d‘Welt vun haut gepräägt huet.
headphones

5 min

play_arrow
Faux Real - "Poison Time"

Faux Real - "Poison Time"

Tëschent Glam-Rock, Synths an DIY-Ästhetik
headphones

4 min

play_arrow
D'Mudam-Collectioun zum Theema “Video killed the Radio Star” | © Mareike Tocha / Mudam Luxembourg

D'Mudam-Collectioun zum Theema “Video killed the Radio Star”

Di geleckt Surface vun der Popkultur versus di déif Bréch vun der Weltpolitik
headphones

9 min

play_arrow
Liestipp: Felicitas Hoppe: Reisen | © Hanser Literaturverlage

Liestipp: Felicitas Hoppe: Reisen

Déi richteg Lecture no der Vakanz...
headphones

7 min

play_arrow
De Bléck op d'Vergaangenheet schäerfen...

De Bléck op d'Vergaangenheet schäerfen...

sollen d'Bicher, déi op der Shortlëscht fir den Däitsche Buchpräis stinn.
headphones

9 min

play_arrow
ENGLBRT um Reeperbahn Festival

ENGLBRT um Reeperbahn Festival

Hir Plack "Song(e)s" ass nach waarm aus dem Uewen, a prett, un nei, international Ouere virzedréngen. An 10 Deeg geschitt dat um Reeperbahn Festival zu Hamburg.
headphones

7 min

play_arrow
"Eist Liewen hänkt haaptsächlech vu Facteuren of, déi mir net beaflossen"

"Eist Liewen hänkt haaptsächlech vu Facteuren of, déi mir net beaflossen"

Jonk si wärend de "bläie Joren" an de 70er a jonk sinn haut: E Gespréich mam italieenesche Schrëftsteller Dario Ferrari
headphones

13 min

play_arrow
Rentrée littéraire: "Rouges-Truites" vum Pierric Bailly

Rentrée littéraire: "Rouges-Truites" vum Pierric Bailly

Eng Buchkritik vum Jeff Schinker
headphones

7 min

play_arrow
Noruff Gloria Steinem | © EPA/ELOY ALONSO

Noruff Gloria Steinem

D‘Gloria Steinem hat jorzengte laang fir Gläichberechtegung am Heem an op der Aarbecht gekämpft, an sech fir d‘Fräiheet op Ofdreiwung agesat.
headphones

8 min

play_arrow
"Blue Heron" vun der Sophy Romvari

"Blue Heron" vun der Sophy Romvari

Eng Filmkritik vum Vesna Andonovic a Jeff Schinker
headphones

11 min

play_arrow
"The Dog Stars" vum Ridley Scott | © 20th Century Studios

"The Dog Stars" vum Ridley Scott

Eng Filmkritik vum Vesna Andonovic a Jeff Schinker
headphones

11 min

play_arrow
"L’inconnue" vum Arthur Harari | © Pathé Films

"L’inconnue" vum Arthur Harari

Eng Filkritik vum Vesna Andonovic a Jeff Schinker
headphones

10 min

play_arrow
"Hot Flashes" | © MASKéNADA

"Hot Flashes"

Dei nei Maskénada Produktioun brécht mat engem Tabu an engem ongewéinleche Kader.
headphones

10 min

play_arrow
First Mote - Snapdragons at the Market | © Philippe Demart

First Mote - Snapdragons at the Market

First Mote brénge geschwenn hir zweet Plack eraus, a spille Mëtt des Mounts um Reeperbahn Showcase Festival.
headphones

9 min

play_arrow