Et ass eng speziell nei Saison 2026/2027 déi den Théâtre National du Luxembourg, den TNL gëschter presentéiert huet, et ass Saison vum 30. Anniversaire an esou munchereen huet sech bei der Presentatioun geduecht: “Gëtt et den TNL scho wierklech esou laang!”
30 Joer TNL sinn eriwwer an déi nächst 30 Joer fänken un, an et bleift derbäi datt déi theatralesch Produktioun a Kreatioun ee vun de Piliere vum TNL ass.
Déi nei Saison vum TNL ass mat engem Wuert iwwerschriwwen “Courage”, an dat ass och net vu Muttwëll gewielt, besonnesch wann ee politesch kuckt wat an der Welt geschitt, an och den Theater mat senge Moyen dozou villes ze soen huet.
De Jean Claude Majerus huet sech mam Direkter vum Theater Frank Hoffmann, deen och schonn 30 Joer TNL um Bockel huet iwwert di nei Saison geschwat.