Mat dem Gesetzesprojet 8410 gëtt sech Lëtzebuerg e legale Kader fir en Observatoire fir d’Kultur, deen eng vun de Recommandatioune vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 war. Wat genee deen Observatoire ass, wat seng Missiounen, Ziler a seng Repercussiounen op de Kultursecteur wäerte sinn, dat erkläert eis d’Laurence Brasseur, Coordinatrice vum Observatoire de la culture.
arrow_back_ios
Kultur
Laurence Brasseur: Observatoire de la Culture
Lauschteren
play_arrow
Laurence Brasseur (Foto: Radio 100,7)
headphones
19 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
"Zero Day" mam Robert De Niro
Eng nei Serie op Netflix iwwer d'politesch Konsequenze vun enger Cyberattack op d'USA
D'Bady Minck zu London
La Belle est la Bête
E Raum voller Klanglandschaften
“Sonic Investigations” op der Architektur-Biennale zu Venedeg
"Our Last Dance"
De Jeannot Waringo, President vum Festival Musek am Syrdall, verréit de Programm vun der 36. a leschter Editioun vum Musekfestival.
TUYS - Nei EP "◑◐◐" an 18. Gebuertsdag
Iwwer der Diddelenger Indie-Band hir nei EP “◑◐◐” an den 18. Gebuertsdag vun der Band, deen den 2. Mee an de Rotondë gefeiert gëtt, schwätze mir mam Tun Biever.
Lune de miel - Le baiser du sphynix
Eng BD voller Aventuren. Et geet ëm hongreg Haien, e mysteriéise Päiperlek a Waffen- an Drogenhändler.
International Classical Music Awards 2025
De radio 100,7 ass net nëmme Jurysmember, mee mir iwwerdroen och déi grouss ICMA-Gala 2025 live den 19. Mäerz vun owes 8 Auer un. Ee vun de Solisten ass de Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof.
Generalprouf vun “F for Fake Light” am Casino
Dem Kënschtler Nicholas Vargelis säi Medium: al Luuchtenampullen
Am Gespréich mam Filip Markiewicz
De multidisziplinäre Kënschtler Filip Markiewicz bréngt seng ganz eege Versioun vun der Geschicht vun der Elektra, iergendwou tëschent Theater, Oper a Konschtinstallatioun, an de Studio vum Groussen Theater.
Haarden, kompromisslose Punk
D’Lambrini Girls sinn eng brittesch Punkband, déi sech duerch hir Live-Optrëtter an hir politesch Messagen en Numm gemaach hunn. E Mëttwoch (19.3.) spille si an de Rotonden.
Franséisch Musek tëschent Hoffnung a Verzweiwlung
Fréijoersgefiller an d'Enn vum Liewe stinn am Kontrast, mee ginn duerch franséisch Kläng vu spéitromantescher bis impressionistescher Musek vereent.
Filmkritik: No Other Land
E politeschen Documentaire iwwer de palästinensesche Widderstand géint déi israeelesch Koloniséierung am Westjordanland.
Bach in the Subways 2025
Den 21. Mäerz gëtt weltwäit dem grousse Barockkomponist säi Gebuertsdag gefeiert - och hei zu Lëtzebuerg.
Out of the Crowd 2025: Déi Zwanzegst!
Besonnesch fir d’Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, den éischte grousse Rendez-vous vum Joer.
Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir ënner der Woch net verpasse sollt - a geheit zesumme mam Jo Welfringer ee Bléck op den immersive Pavillon an Neimënster.
Ee Concert mam Kreisler Quartett
2009 zesummegedoen, spillt de Kreisler Quartett gréisstendeels Concerten zu Lëtzebuerg. Den Ensembel besteet aus Musekerinnen a Museker vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.
D’Néckel Scholtus versicht mat der Kamera d’Realitéit ze spieren
E fotografeschen Homage un de Papp via d’Natur
Um Radar - de Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir de Weekend net verpasse sollt.
Luxfilmfest (6)
De Michel Delage a Jeff Schinker maachen de Point vum Luxembourg City Filmfestival.