Fauré, Boulanger, Saint-Saëns a Leclair - 4 grouss Nimm aus der franséischer Museksliteratur, déi vill Gemeinsamkeeten hunn an awer am Kontrast zuenee presentéiert ginn. Fréijoersgefiller an d'Enn vum Liewen an d'Liichtegkeet an d'Schwéierfällegkeet spillen dobäi eng grouss Roll.
Zesummegestallt gouf dëse Repertoire vun dräi jonke Professorinnen aus dem Escher Conservatoire, déi de Samschdeg den Owend (22.03.) fir d'éischt zesummen am Trio optrieden. D'Pianistin an Organistin Stefanie Duprel an d'Cellistin Nora Braun hunn an engem Gespréich mam Christophe Mirkes verroden, wat si un dësem franséische Programm begeeschtert, wat et mam Fréijoer an dem Enn vum Liewen op sech huet a wéi dëse Programm zustane koum, well d'Ausgangsiddi war eigentlech eng aner.