arrow_back_ios
Europa Aktuell
Lauschteren
play_arrow
headphones
6 min
mic_none
Presentéiert vum
- Daniele Weber
Episoden
Frankräich - fënnefte Premier bannent zwee Joer no Vertrauensfro
Frankräich kënnt net zur Rou. Alt nees muss e Premier no enger kuerzer Amtszäit a wéinst dem Budget goen.
Al Diskussioun iwwert “Veggi-Burger” nei lancéiert
Bezeechnungen ewéi "Poulet" oder "Beef" dierfe net fir reng planzlech Produiten gebraucht ginn. Dat proposéiert d'EU-Kommissioun. De Veggis-Secteur schléit Alarm.
EU-Parlament kritiséiert den EU-US-Deal iwwer Douanestaxen
Am Europaparlament gëtt d'Kritik iwwer den EU-US-Accord ëmmer méi haart. Dat huet een éischten Debat an der parlamentarescher Handelskommissioun däitlech gemaach.
Däitsch Regierung leet hire Sträit bäi
De Friedrich Merz a seng Aarbechtsministesch hate sech ëffentlech zerstridden. Elo wëlle si den däitsche Sozialstaat zesumme reforméieren.
Kënnt et a Frankräich zu enger Vertrauensfro?
De franséische Premier Bayrou wëllt am Sträit ëm de Budget d'Vertrauensfro stellen. Wéi geet et a Frankräich weider? Eise Korrespondent Max Tholl mat Aschätzungen.
Huet d'EU sech vun den USA iwwer den Dësch zéie gelooss?
Et gëtt ëmmer méi Kritik um Deal tëschent der EU an den USA iwwer Douanestaxen. Wat ass do drun a wat ass alles dran an deem Deal?
EU-Länner zécke géint Hatespeech europäesch virzegoen
Iwwerall an Europa huelen Haassrieden oder Strofdoten aus Haass zou. D’Propos vun der EU-Kommissioun fir op europäeschem Niveau géint déi Infraktioune virzegoen, läit awer op Äis.
Europäesch Truppen an der Ukrain?
Wéi kéint esou eng Missioun funktionéieren? Explikatioune vum Klemens Fischer, Professer fir international Relatiounen op der Uni zu Köln
Gréisste Bëschbränn, déi Spuenien jee erlieft huet
Bis elo koume véier Mënschen dobäi ëm d'Liewen, 30.000 Persoune goufen evakuéiert.
Selenskyj mat Verstäerkung am Wäissen Haus
Zum Eclat soll et dës Kéier net kommen. Mee wat ass vun der Entrevue tëschent dem amerikaneschen an dem ukrainesche President ze erwaarden?
Donald Trump huet dës Kéier eng EU-Positioun am Gepäck
Am Virfeld vun der Entrevue Trump-Putin huet d'EU hir Positioun definéiert a se dem amerikanesche President mat op de Wee ginn. Deen huet ëmmerhin nogelauschtert.
Groussbritannien drot Israel mat Unerkennung vu palästinenseschem Staat
Sollt Israel keng Mesuren treffen, fir dem Krich an der Gazasträif en Enn ze setzen, wëllt London dee Schrëtt maachen.
E Verhalenskodex fir den Ëmgang mat KI
D'EU-Kommissioun huet méintelaang un dëser Charte geschafft, déi e Kärstéck vun der EU-Reglementatioun iwwer d'KI duerstellt.
EU-Migratiounspolitik: Sträit war gëschter
Dänemark an aner EU-Länner setze sech dofir an, Migratiounspolitik no baussen ze verlageren. D'Iddi gewënnt ëmmer méi Unhänger an der EU.
Schwammen an der Seine
Zu Paräis ass dat op dräi Sitte méiglech.
Neien europäesche Budget: Wat kënnt alles an d'EU-Dëppen?
D'Europäesch Kommissioun presentéiert de Budget fir d'Joren 2028 bis 2035. E soll méi effikass a méi flexibel ginn. Mee wéi kann dat funktionéieren?
US-Stroftaxen: Muss d'EU méi Muskele weisen?
Nom Bréif vum Donald Trump mat der Annonce vun 30 Prozent Douanestaxen op EU-Produiten gëtt an der EU iwwer méiglech Reaktiounen diskutéiert.
Staatsvisitt a Groussbrittanien
De franséische President Emmanuel Macron war a Groussbritannien.
Klimakrimi am Europaparlament
Am Europaparlament huet ausgerechent d’Fraktioun vun de rietsnationale Patriote fir Europa et fäerdegbruecht sech deen Dossier vum neie Klimaschutzgesetz ënner den Nol ze rappen.